Een neien national eenheetleche Berechnungssystem gouf en place gesat. Dee stéisst bei der Individualiséierung awer u seng Grenzen.

Zu Lëtzebuerg eng passend Wunneng ze fannen, ass net evident. Vill Leit hu schonn ee Problem, fir iwwerhaapt een Daach iwwert dem Kapp ze fannen. Dowéinst gëtt et eng Rëtsch Hëllefe vum Staat. D'lescht Joer gouf d'Loi relative au logement abordable op enger Partie Punkten ëmgeännert.  Eng Konsequenz dovunner ass, datt d'Loyeren, déi d'Leit am Kader vum Bailleur social bezuele mussen, nei berechent goufen. An iwwert d'Resultat huet net jidderee sech gefreet.

Loyere fir Sozialwunnenge werfen deels Froen op (Reportage Marc Hoscheid)

Rezent hat eng Famill, déi an enger Sozialwunneng am Norde vum Land lieft, RTL kontaktéiert, fir ënnert anerem dorobber opmierksam ze maachen, datt den Office social hinnen een neie Contrat de location abordable virgeluecht huet. Dobäi wier de Loyer ee Krack méi héich wéi virdrun. Komescherweis wier de Loyer bei quasi all deenen anere Leit, déi an där selwechter Residence wunnen, erofgaangen. Gouf hei also vum Office social Schmu bedriwwen? Nee, heescht et aus engem aneren Office social, an zwar deem vu Miersch. Och hei wieren déi meescht Loyeren e bëssi erofgaangen, normalerweis ëm manner wéi 100 Euro. Et wieren der awer och geklommen. Wéi hunn d'Leit dat dann opgeholl? De Filipe da Silva, Sekretär vum Mierscher Office social.

Gréisstendeels Akzeptanz fir méi héich Loyeren 
 
"Ech denken, do ass den Dialog mega wichteg. Wann een enger Persoun, engem Locataire erkläert, hei lauschter, mir hunn de Calcul gemaach, däi Loyer gëtt lo à la hausse adaptéiert, well... an da kritt en dat am Detail erkläert, da gëtt déi Situatioun am Prinzip och akzeptéiert. Dat ass d'Erfarung, déi mir hei zu Miersch an deene konkrete Fäll gemaach hunn."
 
D'Offices sociaux kruten een neien techneschen Tool, fir d'Loyeren ze berechnen. D'Mandy Kiens, Chargée de direction bei Gutt Wunnen erkläert.
 
"Wat alles gerechent gëtt, ass einfach de ganze Salaire, dee ra kënnt, d'Kannergeld, d'Pensiounen eventuell, de Revis, wann d'Leit am Kader vum Revis schaffen. Dat heescht am Fong alles, wat Netto um Mount um Kont ass."

Leit wéilten, datt Prête beim Loyer consideréiert ginn
 
Wat net mat an d'Berechnung vum Loyer afléisst, ass ob d'Leit ee Prêt lafen hunn. Ass dat richteg oder falsch?
 
"Dat ass éischter eppes, wat d'Leit soen, datt et éischter net gutt ass, datt de Prêt net mat consideréiert gëtt. Ech mengen, datt et schwéier ass, am Globale lo ze soen, ob dat gutt oder schlecht ass, well et eben individuell Situatioune sinn. An ech denken awer trotzdeem, datt et och schwéier ass, een Outil an d'Liewen ze ruffen, dee wierklech all eenzel Situatioun ka bewäerten."

A wéi enger Regioun d'Wunneng läit, spillt beim Präis keng Roll
 
Fir d'Héicht vum Loyer spillt et zum Beispill keng Roll, ob Kannergeld zum Revenu gehéiert oder net. Eng Persoun mat Kand bezilt also genee sou vill, wéi ee Célibataire mat deem selwechten Akommes. Dobäi kascht ee Kand normalerweis och Suen. Dofir huet eng kleng Famill awer d'Recht op eng méi grouss Wunneng.

Net consideréiert gëtt iwwregens och, a wéi enger Regioun vum Land den Objet läit. Dofir gëtt et Versteesdemech.
 
"Ech mengen, datt den Outil dofir do ass, fir eng national Léisung ze fannen an ech denken och do, wann ee lo rëm géif d'Regiounen opdeelen an dann och par Rapport zum Loyer, datt een am Süden oder an der Stad méi bezilt wéi am Norden, datt och dat schwiereg gëtt. Wou wëllen d'Leit wunne goen, ma an den Norden. An dann hu mer iergendwann vläicht och de Contraire, datt de Norde méi deier gëtt, well méi Leit do sinn. Ech mengen, datt dat einfach schwiereg ass. Wat consideréiert gëtt, ass ob et een Haus ass oder een Appartement."

Nach ëmmer méi bëlleg wéi um fräie Marché
 
Wie sech d'Loyere fir Sozialwunnengen ukuckt, fält op, datt déi deels nawell zolidd sinn. Sinn se dann iwwerhaapt nach méi bëlleg wéi um fräie Marché? De Felipe da Silva:
 
"Générellement jo, d'Loyeren am Loyer abordable sinn nettement inférieur par Rapport zu deem, wat de Moment um fräie Marché praktizéiert gëtt a gefrot gëtt. Mir hunn en plus um fräie Marché eng considerabel Hausse vun de Loyeren enregistréiert am Laf vun deene leschte Méint, deene leschte Joren. D'Loyere sinn immens héich."
 
Et wier awer de Constat, datt et un abordabelem Wunnraum feele géing. Eng Méiglechkeet, fir deem séier entgéintzewierken, wier d'Gestion locative sociale.