Et vergeet bal keen Dag, op deem ee keng fake Mailen, SMSen oder Uriff kritt, déi all den Hannergedanken hunn, d'Leit ofzezocken.

D'Police huet um Samschdeg dann och e Rappell gemaach, wéinst enger Method, bei deenen d'Leit vu falsche Bankemployéen oder Luxtrust-Mataarbechter kontaktéiert ginn.

Hei gëtt da gesot, et wier een Affer vun engem Cyberbedruch ginn an et wieren net autoriséiert Iwwerweisungen an d'Ausland gemaach ginn. Déi falsch Employéë behaapten dann, si géife bei engem laanscht kommen, fir d'Bank-Accèsen, Token a Kreditkaarte matzehuelen.

Do virdrun haten d'Affer op e Link geklickt, dee se via Mail oder SMS kritt haten, wou se opgefuerdert goufen, hire Zertifikat ze erneieren, sief et vun der CNS, Luxtrust oder CCSS. Heibäi si se dann op enger gefälschter Onlinesäit gelant, wou se hir Bankdonnéeën aginn hunn.

Nodeems déi Onéierlech d'Donnéeën an d'Kaarten dann an hirem Besëtz hunn, hu se grouss Zommen ofgehuewen.

D'Police erënnert nach emol drun, dass esou Opfuerderungen net de Prozeduren entspriechen, déi seriö Verwaltungen, Gesellschaften oder Banke praktizéieren. Déi géifen ni fuerderen, dass ee seng Kaarten oder Token enger friemer Persoun géif ofginn, respektiv perséinlech Donnéeë via Telefon offroen.
Falls ee sech net sécher ass, ob ee grad Affer vun engem Bedruch gëtt, soll ee sech net ënner Drock setze loossen an direkt seng Bank oder déi betraffe Gesellschaft kontaktéieren.

D'Police mécht dann och den Opruff, dass ee w.e.g. besonnesch eeler Leit a sengem Ëmfeld soll drop hiweisen, dass et sou Bedruchsversich ginn, an dass se virsiichteg solle sinn.