Um Boulevard RoyalD'Police sicht no engem Tëschefall tëscht enger Foussgängerin an engem Auto no Zeien

RTL Lëtzebuerg
Den Auto wier mat héijer Vitess op d'Foussgängerin duergefuer an hätt am leschte Moment ofgebremst.
© RTL Grafik

Den 22. Oktober zejoert ass et um Boulevard Royal an der Stad zu engem Tëschefall tëscht enger Foussgängerin an engem Auto komm. Dat op der Héicht vun der Kräizung mat der Avenue Emile Reuter. D’Police huet an deem Kontext en Zeienopruff lancéiert.

Den éischten Informatiounen no wier d’Foussgängerin géint 14 Auer mëttes hei iwwert den Zebrasträife gaangen, wéi den Auto mat héijer Vitess op si duergefuer wier. D’Gefier hätt schliisslech staark ofgebremst, wouropshin d’Fra erféiert a gefall wier. Dobäi hätt si sech blesséiert. De Chauffer wier duerno weidergefuer, ouni sech ze informéieren, wéi der Foussgängerin geet.

De Fuerer respektiv soss Zeie vum Tëschefall si gebieden, sech beim Policebüro um Lampertsbierg ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 144 48 1000 oder via Mail u police.limpertsberg@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO