Verschidden Text-Zeile vum Lidd entspriechen net de Wäerter vum CGDIS

© Screenshot vum Video
Aktuell suergt e Video vun enger Formatioun vu Stagiairen, fir haaptberufflech Pompjee ze ginn, zesumme mat enger bal fäerdeger Promotioun, fir Opreegung.
Dës sinn amgaangen, ze "planken", also eng Kraaftübung ze maache fir Bauch a Réck.
De Formateur stëmmt dobäi dat bekannt Lëtzebuerger Lidd un "iwwerall, wou mir higinn...". Verschidden Text-Zeile sinn awer improviséiert an net ganz, soen mer mol, politesch korrekt. Verschidde Sätz, déi ugestëmmt ginn, géifen effektiv net de Wäerter vum CGDIS entspriechen, gëtt de Paul Schroeder, de Generaldirekter vum CGDIS, op eis Nofro hin ze bedenken.
Et wier net dat Bild, dat ee wéilt no baussen ofginn. Hie schwätzt vun enger Situatioun, déi "net glécklech" wier. Dat Ganzt wéilt een an enger interner Enquête opschaffen, och am Hibléck op d'Ausschaffe vun enger interner "Wäerte-Charta". De Service vun der "Gestion qualité" beim CGDIS wäert och e Rapport maachen.