Um Nëssmaart zu Veianen ass traditionell och d'Police um Rendez-vous. Wéi gewinnt, waren nees Alkoholkontrollen an der Regioun.

Op Uerder vum Parquet huet d'Police sech op dräi Plaze positionéiert, wou sämtlech Automobilisten ugehale goufen, och ouni Indice op Alkoholkonsum.

Am Ganze ware 710 Chauffere betraff, dat zu Gilsdref, Baastenduerf an och zu Steeën. 11 hate gedronk, ënnert hinne sechs, déi mat engem Procès-verbal musse rechnen.

Och d'Vitess gouf kontrolléiert

Géint 16.20 Auer stoung d'Police op der Tréierer A1 an huet gemooss, wéi séier d'Leit a Richtung Däitschland ënnerwee waren.

Ee war besonnesch presséiert. Hie gouf mat 167 amplaz den erlaabten 90 km/h gemooss. D'Gefier gouf gestoppt an de Permis agezunn.

Géint 5 Auer gouf nach e Won an der Lëtzebuerger Strooss zu Esch gemellt, deen am Zickzack gesteiert gouf. Eng Policepatrull krut d'Gefier op der Escher A4 kuerz virun der Opfaart Leideleng gestoppt. En Alkoholtest war positiv an de Fürerschäin dono fort.