
Obwuel schonn am Mee bekannt gewiescht wier, datt d'Gemeng Déifferdeng méi wéi 400.000 Euro op ee falsche Konto iwwerwisen hat, hätt et bis Enn September gedauert, bis de Conseil doriwwer informéiert gouf. Dat wier eng "Salamitaktik", déi een net akzeptéiere kéint, soten déi Déifferdenger Oppositiounsparteien DP, déi Gréng an déi Lenk e Mëttwoch de Moien no enger gemeinsamer Pressekonferenz. An Zukunft misst de Gemengerot méi seriö geholl an agebonne ginn. Sollt dat net de Fall sinn, géing een de Récktrëtt vum ganze Schäfferot fuerderen.
Wourunner een et genee festmaache géing, datt ee sech méi seriö geholl fillt, gouf iwwerdeems net verroden. Rezent war jo public ginn, datt d'Gemeng Déifferdeng am Kader vum Neibau vum Gemengenhaus méi wei 400.000 Euro op ee falsche Konto iwwerwisen huet. Dat nodeems Onéierlecher sech an de Server vum Architektebüro gehacked a falsch Bankdonnéeën eraginn haten. Obwuel d'Police an d'Bank relativ séier informéiert goufen, dierften d'Sue wuel fort sinn.