
Géint 14.40 Auer en Dënschdeg am Nomëtteg huet d'Police en Automobilist zu Schëffleng "Um Daich" kontrolléiert. Dobäi koum eraus, dass de Mann kee valabele Fürerschäin hat. Ausserdeem huet hien Unzeeche vun Alkoholkonsum gewisen. Allerdéngs huet hien alleguer d'Alkoholtester verweigert. Den Auto gouf op Uerder vum Parquet saiséiert an et gouf e provisorescht Fuerverbuet géint de Chauffer ausgestallt.
Iwwerdeems ass et en Dënschdegnomëtteg an der Route de Bergem zu Schëffleng zu engem Accident komm. Den éischten Informatioune vun der Police no hätt e Chauffer hei an enger Kéier d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer a wier mat dësem an e Bam gerannt. Duerno wier hien am Gruef nieft der Strooss stoe bliwwen.
De Mann war nom Accident a sengem Gefier ageklemmt an huet misse vun de Secouriste befreit ginn. Hie koum an d'Spidol. Et gouf en Alkoholtest gemaach, deen e positiivt Resultat gewisen huet. De Chauffer krut e provisorescht Fuerverbuet an d'Gefier gouf ofgeschleeft.
A béide Fäll gouf e Protokoll erstallt.