Gëlle vum 1. Januar u méi streng Reegelen, wat d'Verpackungen am Horeca-Secteur uginn a kéint dat dozou féieren, datt Pizza-Kartronge verbuede ginn?

Där Fro si mer virun zwou Wochen an engem Reportage nogaangen, an deem ee Vertrieder vun der Horesca nawell net mat Kritik um Ëmweltministère gespuert hat. Beim Ministère nuancéiert een zwar, ma et schéngt een, de Restaurateuren awer entgéintzekommen.

Pizza-Kartronge gerett/Reportage Marc Hoscheid

Bei der Horesca huet ee sech virun allem dorunner gestouss, datt just d'Restauranten an net och d'Supermarchéë vun deene méi strenge Reegele bei Verpackunge betraff solle sinn. Wärend d'Restaurateure beim Takeaway a bei der Livraisoun dozou gezwonge sollte ginn, "Mehrwegverpackungen" ze benotzen, dierften d'Supermarchéë weider "Einwegverpackunge" benotzen. Dat wier eng Concurrence déloyale, déi en plus nach guer kee Sënn maache géing, esou de Claude Ries, Formateur bei der Horesca , virun e puer Wochen.
 
"Ech mengen eise Secteur keeft ëmmer méi lokal an. Lëtzebuerger Produiten, och fir op d'Pizza ze maachen. An datt dann een industrialiséierte Produit, am Fong eng virverpaakte Pizza, déi vun Hott an Har kënnt a guer net aus dem Land ass, datt déi favoriséiert gëtt an déi duerf nach ëmmer an enger Einwegverpackung verkaaft ginn, dat ass fir mech net logesch."
 
Am Ëmweltministère léisst een déi Kritik esou net gëllen. De Paul Rasqué Conseiller am Ëmweltministère an en Charge vun der Direktioun fir d'Kreeslafwirtschaft an d'Pollutioun:
 
"Et ass natierlech och eng aner Consommatioun. Eng Pizza, déi ee bei engem Horeca-Betrib oder engem Restauratiounsbetrib keeft, déi ass preparéiert. Wann een déi mat enger Pizza aus dem Supermarché vergläicht, do ass nach eng Preparatioun noutwenneg. Dat heescht mir sinn do e bëssi an zwee verschiddene Cas de figures, déi hei matenee comparéiert ginn. Mee ech mengen, hei ass et wierklech lo a Richtung Ëmsetzung vun engem europäesche Kader ze goen, deen zanter 2022 och evoluéiert huet."
 
Ma och wann hei d'Meenungen ausernee ginn, ass hannert de Kulissen ze héieren, datt de Ministère de Restaurateuren entgéint komme wäert. Och wann de Secteur dozou verflicht soll ginn, manner Offall ze produzéieren, ass d'Aus vun de Pizza-Kartronge vum Dësch. Dat wier bei engem Treffen de 15. Oktober kloer ginn. Och d'Suerg vun der Horesca, datt kleng Betriber, déi keng Plaz fir grouss Spullmaschinnen hunn, fir "d'Mehrwegverpackunge" propper ze maachen, benodeelegt ginn, dierft sech opléisen, et sinn nämlech Ausname virgesinn. Wéi geet et da lo konkret weider?
 
"Et versicht een natierlech lo séier, déi Aarbechten do ofzeschléissen, fir der Regierung een Text kënnen ze proposéieren, deen dann an déi normal legislativ Prozedur geet. Dat soll an deem nächste Mount gemaach ginn."
 
Déi nei Reegelen dierften awer nach net vum 1. Januar 2025 u gëllen. Beim Ëmweltministère ënnersträicht een dann och nach, datt bei der Präventioun nieft méi strenge Reglementer d'Sensibiliséierung vun de Konsumenten extrem wichteg wier. Hei géing der Valorlux als Organisme agréé eng grouss Responsabilitéit zoukommen.