Déi nei Gehälterverhandlunge beim Staat sinn drop an drun, fir ugefaangen ze ginn - dat seet d'CGFP.

D'Gewerkschaft betount iwwerdeems, datt e Revendicatiounskatalog an der leschter Ligne Droite ass fir fäerdeg ze ginn.
 
Bei deenen Negociatioune wäert d'CGFP als eenzeg national representativ Gewerkschaft mam Minister Wilmes um Dësch sëtzen, dës Zouso huet de Premier Frieden de Vertrieder vun der CGFP bei enger Entrevue en Dënschdeg de Moie ginn.
 
Am Kader vun den Debatten ëm d'Pensiounsreform stellt d'CGFP kloer, datt d'Sozial-Ministesch Deprez déi falsch Uspriechpartnerin fir d'Fonction publique duerstellt - och gouf op Aussoe vum Marc Spautz verwisen, deenen no d'Rentereform d'Staatsbeamten net géif concernéieren.

Iwwerdeems stellen d'CGFP-Gewerkschaftler virum Staatsminister kloer, datt si sech net monddout maache loossen an am Fall vun engem Litige duerchaus wëllen op d'Conciliatioun kënne goen - eppes, wat d'Regierung der CGFP verwiert hat, well et jee no Secteur beim Staat kee Streikrecht géif ginn.