“Diskussiounen”, well de Premier wollt net vu “Sträit” schwätzen, mee vun Divergenzen oder Buttek, déi en Deel vum Dialog wieren. D’Regierung wéilt d’Aarbechtswelt un déi nei Realitéiten upassen a Beruff a Famill méi ënnert een Hutt bréngen.
De Luc Frieden sot: “Ech confirméieren d’Recht vun de Gewerkschafte fir Kollektivverträg ze verhandelen.” Hien huet awer net ausdrécklech d’Exklusivitéit vun de Gewerkschafte fir Kollektivverträg ze verhandele garantéiert an hien huet d’Fro opgeworf, wat méi Sënn géing maachen, fir um Niveau vun der Entreprise festzeleeën, a wat éischter um Niveau vun de Kollektivverträg.
Hien hätt hei keng “virgefestegt Meenung” an hie wollt sech net op ee präzise Punkt festleeën. Et wier eng méi breet Debatt, esou de Premier.
No der Allerhellegevakanz, an der Woch vum 4. November gesäit de Georges Mischo nach emol d’Vertrieder vum OGBL a vum LCGB.
Hie selwer, de Luc Frieden, ass de 4. November zu Warschau, wou hien eng Ried an der Héichschoul “College of Europe” hale wäert. De Premier huet och fir den 13. November en “Erneierbaren Energiedësch” ugekënnegt, wou praktesch a konkret Mesure sollen ausgeschafft ginn, fir den Ausbau dovunner z’acceleréieren. E bësse wéi beim Logementsdësch, mat den Acteure vum Terrain.