E Samschdeg den Owend géint 23:30 Auer gouf der Police eng aggressiv Persoun virun enger Bar a Clausen gemellt.

Wéi d'Beamten ukoumen, ass hinne séier opgefall, dass déi concernéiert Persoun scho virdrun am Zentrum vun der Stad opgefall war.

D'Persoun huet eng Gefor fir sech an anerer duergestallt a koum dohier no enger medezinescher Kontroll an eng Zell, fir auszeniichteren.

Méi fréi am Owend géint 18:30 Auer koum et zu Gréiwemaacher am Stadion zu enger Kläpperei tëscht direkt e puer Persounen. Wéi et geheescht huet, war e Sträit tëscht Spiller den Ausléiser. Wéi d'Police ukoum, hat sech d'Situatioun awer nees gréisstendeels berouegt.