D'Police mellt Abréch zu Conter an zu Iernster, grad ewéi Déifställ aus Autoen an der Stad an zu Beetebuerg.

E Sonndeg de Moie gouf an en Haus zu Conter agebrach, dat "Op der Haangels". Hei gouf eng Schlofkummer duerchwullt. Ob eppes geklaut gouf, geet net aus dem Bulletin vun der Police ervir. Zu Iernster da goufe Wäertgéigestänn geklaut, wéi an en Haus an der Rue Principale agebrach gouf. A béide Fäll war d'Spueresécherung vun der Police op der Plaz.

D'Police erënnert dann och nach emol drun, dass ee sech um Site vun der Police kann informéieren, wéi ee sech beschtméiglech géint Abréch ka schützen.

Um Lampertsbierg huet dann e Sonndeg de Moien eng Persoun probéiert, an e puer Autoen anzebriechen. Dobäi goufen d'Gefierer dann och beschiedegt. De presuméierten Täter konnt dann och ermëttelt ginn. Bei der Kontroll war de Mann alkoholiséiert an huet sech nawell aggressiv verhalen. Dowéinst koum en dann och an den Arrest.

E Sonndeg den Owend da gouf en Abroch an en Auto an der Rue de la Scierie zu Beetebuerg gemellt. Geklaut goufen e puer Mënz an Zigaretten.

D'Police mécht de Rappell, dass ee keng Wäertgéigestänn am Auto soll leie loossen an dass een ëmmer soll kontrolléieren, ob den Auto zougespaart ass, och wann et just fir kuerz Zäit ass.