D'Plaintekommissioun soll sech de Reprochë vum Harcèlement unhuelen, wärend dräi Proffe sech fir hir Accusatiounen erkläre mussen.

D'Spannungen an de schlechte Klima tëscht Direktioun, verschiddene Proffen a Schüler am Mamer Lycée goufen en Dënschdeg de Moien eng weider Kéier an der zoustänneger Chamberkommissioun diskutéiert.

Well den Educatiounsministère drop setzt, datt nees Rou zeréck an déi Schoul kënnt, gëtt ënner anerem och elo e Konzept vun enger interner Plaintëkommissioun agesat, nodeem et jo och zu Reprochë vun Harcèlement ënner anerem duerch den Direkter selwer komm war. Reprochen, fir déi de Ministère awer keng "Fakten" geliwwert krut.

Dräi Proffe sinn iwwerdeems duerch de Ministère gehalen, fir sech wéinst dësen Accusatiounen z'erklären. De Minister Claude Meisch huet en "ordre de justification" ordonéiert.

"De Ministère wëll, datt mer duerch déi 'Ordre de justification' zur Kloerheet kënne bäidroen, datt déi Leit sech kënnen erklären. Déi Chance solle se notzen. Ech wëll awer och nach eng Kéier soen, datt een net menge kann, datt een hei iergendwou lassgeléist vun alle Reegele kann drop an der widder soen a mengen, wat ee wëllt. Ech wëll, wann déi Leit eppes ze soen hunn, da solle se dat an den 'Ordre de justification' schreiwen. An da wësse mer, wat dat ass. An dat sinn déi Instrumenter, déi fir esou Situatiounen an der Fonction publique virgesi sinn. An dat ass absolutt keen exzeptionelle Fall. Mä et muss jidderee sech hei senger Responsabilitéit och bewosst sinn."

Extrait Claude Meisch (1)

Et goufen Ugangs vum Joer och zwee Coachen an de Mamer Lycée geschéckt, fir déi verfuer Situatioun z'analyséieren. Vun hinnen huet et geheescht, datt d'Probleemer, amplaz se intern ze léisen, vun Drëtten erausgedroe gi wieren, sou datt se net méi hätte kéinte geléist ginn. Och iwwer anonym Bréiwer géif kommunizéiert, wat de Minister Meisch keen opportune Wee fënnt.

"Dobäi hunn ech mer a mengem politeschen Engagement relativ fréi eng Gewunnecht gemaach, datt anonym Bréiwer mech an aller Reegel net excitéieren. Well, wann et do esou schlëmm ass, wéi dann anscheinend hei Eltere solle gemengt hunn, da géif ech déi Leit wierklech invitéieren, mat hirem Numm mer dat nach eng Kéier ze schreiwen. A mat hirem Numm och dofir ze stoen, fir déi Accusatiounen, déi se do maachen, virum Ministère, un dee se schreiwen, an och vläicht virun aneren Instanzen, wou sech eng Kéier musse rechtfäerdegen do derfir. Soss gesinn ech hei net richteg, wat esou Initiative kënne weiderbréngen."

Extrait Claude Meisch (2)

Ob d'Plaintëkommissioun elo Rou an de Lycée Josy Barthel bréngt, dat sief dohigestallt, egal wéi kënnt et um Enn vum Joer zu personelle Changementer. No 14 Joer verlängert de Claude Christnach säin Mandat als Direkter net weider, och gëtt en neien Adjoint gesicht.