Et feelt Personal am Fleegesecteur. Mir hu vill ze mann Infirmieren an Aide-soignanten. D'COPAS ass beonrouegt. Haut scho wiere vill Plazen net besat.

Et gëtt eng deels dramatesch Entwécklung bei der "Formation initiale" vum Beruff vum Aide-soignant, erkläert d’Maly Goedert, Cheffin vun der Ecole Nationale de Santé. Och wat d’Infirmieren ugeet, géif et stagnéieren, respektiv et géifen der ëmmer manner ginn. Deels ass et Europa, dat engem Steng an de Wee leet, deels awer och de luesen administrative Wee an d’Politik, déi net kloer schwätzt, sou d’Kritik.

Wat maache géint d'Penurie am Fleegesecteur? / Monique Kater

D’Pai kann et kaum sinn, deen e jonke Mënsch dovunner ofhält an e Fleegeberuff eranzeklammen. Mee wat ass et da soss? Well et wier eng schéin Aarbecht, déi ka begeeschteren. Genuch Fleegepersonal an Infirmiere behält een awer och nëmmen dann, wann de Beruff och no uewen "attraktiv" – oder wéi de Familljeminister Max Hahn seet, "sexy" bleift.

D’Aféierung vun engem Beruff tëscht dem Aide-soignant an dem Infirmier kéint do hëllefen. Deen "Tëscheberuff" steet am Koalitiounsaccord a wier méi wéi noutwenneg, fir d’Karriär vum Aide-soignant méi attraktiv ze maachen, monéiert de Christian Ensch, General-Direkter vun den "Hommes pour personnes âgées". Hien hätt a senger Karriär zwee Aide-soignante begéint, déi eriwwer an de Beruff vum Infirmier gaange wieren. Deen Iwwergang wier extrem opwenneg. Dat géing iwwer e Léiervertrag an Däitschland lafen. Déi meescht, déi sech weider an de Beruff vum Educateur orientéieren, géingen dem Fleegesecteur verluer ginn.

D’Ministesch fir Gesondheet a Sécurité Sociale kontert an nennt et Schwaarzmolerei, wann de Christian Ensch seet, et géing hei net viru goen, well ee sech net eens géif ginn. Dem Martine Deprez no ass een nämlech guer net esou wäit ewech vun enger Léisung. "Mir sinn net fir d’Rentrée 25 prett, mee d’Beruffsbild an d’Kompetenze kënne mer formuléieren. Geschafft gëtt um 'Infirmier en soins généralisés'".

Vun Dezember u géif dann och un enger zweeter Generatioun vum DSP, dem Dossier de soins partagés, geschafft ginn, mat engem Strategiepabeier dee Mëtt Mäerz soll eraus sinn. Iwwer den digitale Gesondheetsdossier gëtt scho Joerzéngte geschwat, deels funktionéiert e och schonn, mee e gëtt net vill vum Patient genotzt.