De Programmdirekter Steve Schmit huet eis verlooss
Am Alter vun 56 Joer ass e Méindeg de Steve Schmit verscheet. Mat him verléiert RTL net nëmmen en engagéierte Mataarbechter, mee och e gudde Kolleeg.
Et ass en trauregen an däischteren Dag fir d'Ekipp vum RTL: De Steve Schmit ass an der Nuecht op e Méindeg am Alter vu 56 Joer no laangem Kampf géint eng onbaarmhäerzeg Krankheet verscheet.
De Steve war Programmdirekter vun RTL, nodeems hie virdrun eng ganz Rëtsch aner Responsabilitéiten hat. Hie war ënner anerem Radiojournalist an Tëlees-Presentateur, war an der Kommunikatioun aktiv, huet den Internetsite RTL.lu mat opgebaut a stoung als kreative Kapp hanner sëllegen Emissiounen op der Tëlee.
Zanter 7 Joer war de Steve och den Adjoint vum Generaldirekter.
Mam Steve verléiert d'RTL-Famill en devouéierte Mataarbechter an e gudde Kolleeg. Hie war ëmmer fir d'Ekippen do, hat a schwéiere Situatioune fir jiddereen e gutt Wuert an huet sech mat Passioun an Engagement fir eis Programmer agesat. Mat Leif a Séil war hie stänneg op der Sich no neien Iddien, bis zulescht.
De Steve war och ëmmer e Kämpfer. De Courage, mat deem e seng lescht Lutte ugaangen ass, huet jidderengem imponéiert. En huet weider geplangt a weider geschafft. D'Erënnerung un hien an u säi Schafe lieft iwwer säin Doud eraus weider.
Dem Steve senger Fra Marilyn, sengen dräi Meedercher a sengem Jong drécke mir an dëse battere Stonnen eist déifst Matgefill an eist Bäileed aus.