An der Stad geet et schonn e Freideg den 22. November lass, dat mat de "Winterlights", déi bis den 1. Januar wäerte sinn.

Déi regruppéieren am ganze fënnef Chrëscht- respektiv Wantermäert, déi op der Place d'Armes, bei der Gëlle Fra, op der Kinnekswiss, op der Place de Paris an um Knuedler opgeriicht ginn. 1,3 Millioune Luuchte kommen an den Asaz. Aus Grënn vun der Nohaltegkeet setzt een dobäi komplett op LED-Bieren.

Insgesamt kascht d'Organisatioun vun de Winterlights d'Stad Lëtzebuerg ronn 1,3 Milliounen Euro. Fir d'Sécherheet vun de Visiteuren ze garantéieren, komme Bëtongsbléck an den Asaz. Policebeamte maache reegelméisseg Patrullen an d'Gemeng huet och nees privat Sécherheetsbeamten engagéiert.

Eng méi detailléiert Lëscht vun de flottste Chrëschtmäert uechter d'Land fannt Dir bei eise Kolleege vun RTL Today.

Op RTL Infos fannt Dir weider Informatiounen, wou een an der Groussregioun flott Chrëschtmäert kann entdecken.