Vill Clibb kloen iwwert den Nowuess, deen net méi do ass - lo muss sech souguer eng national Struktur wéinst deem Probleem opléisen.

Vill Clibb kloen iwwer den Nowuess, deen net méi do ass - lo muss sech souguer eng national Struktur wéinst deem Probleem opléisen.

No 8 Joerzéngten ass et d'Kathoulesch Männeraktioun, déi hiren 600 Memberen matdeelt, datt dës Organisatioun ophéiert mat hirer Aarbecht.
 
Grënn sinn d'Memberszuel déi erofgeet, déi vill eeler Memberen an e Comité, dee nëmmen nach aus 4 Leit bestanen huet. D'KMA gouf nom 2. Weltkrich vum Paschtouer Victor Elz als ACML gegrënnt. No 79 Joer geet domat d'Ära vun der kathoulescher Männeraktioun op en Enn.

An de 70er Joren hat d'KMA nach iwwer 3.000 Memberen. Hier Devise war "fir e chrëschtlecht a soziaalt Engagement". Och d'Zeitung vun der KMA wäert deemno net méi erauskommen.

D'Kees vun der KMA gouf opgeléist an d'Suen un eng hallef Dosen Organisatiounen iwwerwisen, ënnert anerem de Willibrordus Bauveräin an MSF - iwwerdeem d'nei "HUT ASBL" net ënnert de Beneficiairen ass.