Am Summer 1997 war Schluss fir d'Héichiewe vun der ARBED hei zu Lëtzebuerg. De B um Belval war dee leschten dee bis dohinner nach aktiv war.

Mat him goung och eng 90 Joer laang Ära vun der Gebléishal op en Enn. Ugangs gouf et d'Iddi, an der fréierer Gebléishal e Concertssall anzeriichten.

Mam Bau vun der Rockhal war déi Iddi awer séier vum Dësch. Zanterhier louche schonn eng etlech Projeten um Dësch. 10.000 Meter Carré Plaz ass fir eppes Néits an de Mauere vun der aler Gebléishal vun der Schmelz z'organiséieren. 
 
Fir d'lescht gouf si 2007 am Kader vum Kulturjoer benotzt. Mëttlerweil steet si bal 20 Joer eidel. D'Uni Lëtzebuerg hat den Optrag kritt, erauszefannen, wat een alles tëscht dësen ale Mauere vu Projeten ëmsetze kéint.