Nodeems a Kolumbien e Militärfliger erofgefall ass, klëmmt d’Zuel un Doudesaffer op op d’mannst 66. Beim Ongléck zu Puerto Leguízamo, net wäit vun der Grenz zum Peru an dem Ecuador, goufen ausserdeem Dosende weider Leit blesséiert, wéi d’Noriichtenagence AFP aus Arméiskreesser gewuer gouf. U Bord vun der Transportmaschinn waren dem Militär no 125 Leit.
De Verdeedegungsminister Pedro Sánchez huet an “déiwer Trauer” matgedeelt, datt d’Transportmaschinn vum Typ Hercules C-130 am Süde vum Land verongléckt wier. Kuerz nom Start zu Puerto Leguízamo géint 10 Auer Lokalzäit wier de Fliger erofgefall.
Op Fotoe vun der Noriichtenagence AFP sinn d’Stécker vum ausgebrannte Fliger an engem Bësch ze gesinn. Baueren aus der Géigend hu vun engem “Knall” geschwat. “Ech hunn eng Explosioun an der Loft gespuert, a wéi ech gekuckt hunn, ass de Fliger schonn dicht laanscht mäin Haus geflunn”, sot de Bauer Noé Mota.
D’Ursaach vum Ongléck wier nach net confirméiert, et géing awer “keng Hiweiser op eng Attack duerch illegal Acteuren” ginn, heescht et nach vum Pedro Sánchez. An der Grenzregioun kämpfen déi kolumbianesch an déi ecuadorianesch Arméi géint Drogekarteller a Milizen.
Ënnert den Doudesaffer waren der Arméi no 58 Zaldoten, sechs Membere vun der kolumbianescher Loftwaff an zwee Polizisten. Dem Generol Carlos Fernando Silva Rueda no waren 114 Zaldoten an eelef Crew-Memberen u Bord vum Fliger.
De President Gustavo Petro huet op X vun engem “schrecklechen Accident” geschwat, “deen net hätt dierfe geschéien”. Hien huet op d’Noutwennegkeet verwisen, d’Militärflott ze moderniséieren. Op engem Video, deen de President gepost huet, ass ze gesinn, wéi de Fliger probéiert, un Héicht ze gewannen, éier en op de Buedem fält.
A Bolivien war Enn Februar och en Hercules-Transportfliger erofgefall. Op d’mannst 24 Leit koumen dobäi ëm d’Liewen.