Déi mental Gesondheet vu Kanner a Jugendlechen ass net gutt
Déi éischt international Deklaratioun iwwer Kannerrechter feiert 100 Joer. Ma et gëtt näischt ze feieren, seet den Ombudsman fir d‘Rechter vum Kand.
Mat Suerg géing een observéieren, datt Acquisen a Fro gestallt ginn. Ma d‘Kannerrechter wieren net ze negociéieren, seet de Charel Schmit. Déi mental Gesondheet, e bessere Schutz vum Kand, d‘Protektioun virun de Geforen am Internet an de Risiko virun Aarmut - dat sinn d‘Prioritéiten, déi am am neie Rapport definéiert, an e Mëttwoch de Moien an der Chamber presentéiert goufen.
D'Zuele wieren alarmant an den Drock grouss. D'Wuelbefanne vun de Kanner a Jugendlechen hätt gelidden, ënner anerem wéinst der Covid-Kris, sou den Ombudsman Charel Schmit.
An der Chamber gouf et e Mëttwoch de Moien en Temoignage vun engem sougenannten "Young Advisor" beim Ombudsman fir Kannerrechter. Dat 17 Joer aalt Léonie huet perséinlech Erfarung mat den Deputéierte gedeelt a generell op eng problematesch Situatioun bei Jugendlechen opmierksam gemaach.
"A mengem Ëmfeld, virun allem an der Schoul, begéint een ëmmer erëm Jugendlecher a Kanner, déi mat psychesche Problemer ze kämpfen hunn. Et ass eppes, wat ech all Dag erliewen a gesinn. Souwuel duerch Gespréicher mat Frënn oder duerch d'Verhale vu menge Schoulkolleegen. Vill Jugendlecher hu mat schwéiere psychesche Krankheeten, wéi Depressiounen, Angschtsymptomer oder Iessstéierungen ze kämpfen. Mir si leider eng traureg Generatioun mat gléckleche Biller. D'Grënn fir dës psychesch Belaaschtunge si ganz verschidden: politesch Situatiounen ewéi Krich, gesellschaftlechen Drock, schwiereg Familljesituatiounen, Traumatas, Mëssbrauch, Integratiounsproblemer, d'Bedürfnis fir dozou ze gehéieren an nach vill méi."
D'Hëllef misst besser organiséiert ginn, mat ënner anerem enger besserer Vernetzung vun den Zerwisser, fënnt d'Léonie. A punkto mental Gesondheet huet den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit an den zoustännege Chamberkommissioune Risiko-Gruppen definéiert.
"Mir wëssen, dass Kanner mat Migratiounserfarung ganz vill Traumatiséierung erliewen. Aarmut dréckt dat op d'mental Gesondheet vun de Kanner. Mir hu Situatioune vu Kanner a Situatiounen, déi placéiert sinn, den Handicap an natierlech och Kanner, déi opgrond vun LGBTQ -Zougehéieregkeet mental Gesondheetsproblemer hunn, well hiert Ëmfeld si net ëmmer esou respektéiert an et d'Méiglechkeet net gëtt, dat Verständnis entgéint ze bréngen, wéi se dat brauchen."
Am Kader vun Asylprozedure sollt systematesch eng déifgrënneg psychologesch Evaluatioun gemaach gi vu Kanner, soubal se zu Lëtzebuerg ukomm sinn. "LGBTIQ+"-Theme sollten am Schoul-Contenu normal sinn. Vu klengem u sollte Kanner fir de Sujet vun der mentaler Gesondheet sensibiliséiert ginn, sou seet et de Rapport. Generell gesinn, misst un engem méi integréierte System fir de Kannerschutz geschafft ginn, esou eng weider Revendicatioun vum Responsabele fir d‘Kannerrechter Charel Schmit.
D‘Geforen am Netz wiere riseg, wéi um Beispill de Cyber-Harcèlement oder déi sougenannt Sextorsioun. Als Mesurë sollte Systemer fir den Alter ze verifiéieren en place gesat ginn. Et sollt e minimalen Alter fir de Besëtz vun engem Smartphone agefouert ginn. Et wier ze begréissen, datt de Smartphone an de Grondschoulen ofgeschaaft gëtt, sou den Okaju Och d‘Supervisioun vun Elteren an Erwuessenen am digitale Beräich sollt verstäerkt ginn an et misst legiferéiert ginn.
"Et wäert net domadder duergoen, dass mer op Fräiwëllegkeet, Sensibiliséierung a Preventioun setzen. Mee mir musse ganz kloer gesetzlech Normen an eiser Gesellschaft etabléieren. E weidere Schwéierpunkt am Rapport vum sougenannten Okaju ass d‘Kanneraarmut. Trotz dem Wuelstand steet Lëtzebuerg am europäesche Verglach ganz schlecht do. Ee Kand vu véier lieft ënner dem Seuil de pauvreté. A bal der Hallschent vun de Fäll concernéiert dës monoparental Famillen."
Den Ombudsman rappelléiert dann, datt d‘Inclusioun an der Schoul net dierft a Fro gestallt ginn, sou wéi dat rezent geschitt wier.
"Et ass am Fong un der Struktur, un der Schoul, als Institutioun, un der Maison relais, fir sech esou opzestellen, dass et geet. Do ginn et natierlech Hürden, do ginn et Schwieregkeeten um Terrain, do ginn et Limitten an de Moyenen an esou weider, mee et soll een net, an dat ass ganz geféierlech, fir am Kader vun der schoulescher Inclusioun am Fong vu Limitten ze schwätzen an am Fong och en Discours ze féieren, wou mer Kanner mat Besoins spécifiques eigentlech zu de Schëllege maachen, bei deem wat am Enseignement vläicht schif leeft oder net gutt organiséiert ass."