CSL bezeechent Entlaaschtungspak als "Etikette-Schwindel"
Presentatioun Budgetsavis CSL: De Sylvain Hoffmann an d'Nora Back, Direkter, respektiv Presidentin vun der Chambre des salariés. / © Michèle Sinner / RTL
Obwuel déi finanziell Situatioun ganz favorabel wier, wier de Staatsbudget op ville Punkten net ambitiéis genuch. Dat ass d’Feststellung vun der CSL.
Zu deene Punkten ziele fir d’Chambre des salariés d’Klima- an Ëmweltmesuren. Dat wier inakzeptabel an der aktueller Klimakris, ma och, wat d’Investitiounen ugeet. D’Presidentin vun der CSL, Nora Back, sot e Mëttwoch de Moie bei der Presentatioun:
“Mir hunn och erstaunlecherweis, contrairement zu enger Regierung, déi gesot huet, mir maachen elo e grousse Worf am Logement an elo kënnt et do zu enger Léisung vun der Logementskris, hu mer och hei eng Revisioun no ënne vun den Depensen am Logement abordable. An dat kann et jo net sinn. Et ass eis jo awer versprach ginn, dass elo vill do gemaach gëtt an investéiert gëtt. Et feelt a groussen, a villen anere Beräicher, am Beräich vun der Formatioun, am Beräich vun der Gesondheet souguer, och hu mer en Deel, wou no ënne reviséiert ginn ass. Voilà, also net genuch Ambitiounen, keng konkreet Pläng vun dem Kampf géint Aarmut, vun dem Kampf géint déi sozial Ongläichheeten an Ongerechtegkeeten an eiser Gesellschaft. Et ass leider net dee grousse Worf fir méi sozial Gerechtegkeet. An dat bedauere mir.”
D’Chambre des salariés kënnt an hirem Budgetsavis iwwerdeems zur nämmlechter Conclusioun wéi de Conseil national des Finances publiques: Nämlech datt d’Recetten vum Staat extrem ënnerschat sinn, an d’Situatioun vun de Staatsfinanzen esou gutt ass, datt et praktesch onméiglech ass, 2024 op de budgetiséierten Defizit ze kommen. An dat obwuel d’Situatioun de leschten Hierscht, wärend de Koalitiounsverhandlungen nach méi schlecht duergestallt gouf. D’Situatioun bei de Staatsfinanzen wier ganz favorabel, stellt d’CSL fest. Fir dat lafend Joer, seet de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der CSL: "Do, enfin, elo schonn eng Verbesserung ass, par rapport zu deem Moment, wou alles schwaarz gemoolt ginn ass, wéi déi Note au formateur gemaach ginn ass d' lescht Joer am Hierscht, ass d' Situatioun elo a sech ëm 2 Prozentpunkte vum PIB besser. Also dat ass scho wansinneg vill."
A wéi de Conseil national des Finances publiques seet de Sylvain Hoffmann och, datt déi Verbesserung do net der Budgetspolitik ze verdanken ass: "Also et ass wierklech jo net, dass een do ka soen, dass wéinst iergendwellech Mesuren, déi do geholl gi sinn, dat war einfach eng total Feelaschätzung, déi do gemaach ginn ass. A mir sinn do scho praktesch zwou Milliarde besser, wéi dat virun engem gudde Joer dann eebe gemengt ginn ass."
Bei der Virstellung vum Budget fir 2025 ass d’Regierung Uganks Oktober nach dovun ausgaangen, datt den Defizit beim Zentralstaat fir dëst Joer d'nämmlecht héich ausfält wéi 2023, ronn 1,4 Milliarden Euro. Mee wärend de Solde beim Zentralstaat Enn September 2023 bei Minus 700 Milliounen Euro louch, stoung Enn September dëst Joer e Surplus vun 470 Milliounen, en Ënnerscheed vun iwwert enger Milliard Euro.
"An trotzdeem: deenen aktuelle Viraussoe no géife mer ëm en Defizit dëst Joer lande vun 1,4 Milliarden. Dat ass praktesch onméiglech. Also dat ass net méiglech, dass mer elo an deene leschte Méint do méi wéi eng Milliard méi ausgi wéi dat, d'lescht Joer. An d'Recettë si jo och nach geklommen."
Dofir kéint et senger Meenung no gutt sinn, seet de Sylvain Hoffmann: "dass mer dëst Joer en Accident kréie gesamtstaatlech, also mat der Sécurité sociale an allem drum und dran, a wann een dat esou weiderlafe léisst, misst an deenen nächste Joren normalerweis och den Zentralstaat dann an den Desequiliber kommen, wann déi Viraussoen esou antreffe wéi geduecht."
Engersäits géifen d’Recette systematesch ënnerschat, anerersäits géifen ugekënnegt Investitiounen net gemaach. Esou erkläert d’CSL déi flagrant Ënnerscheeder tëscht de Budgetsprevisiounen an deem, wat wierklech antrëtt. Ma wärend de Conseil national des Finances publiques der Meenung ass, datt en Apel fir den Duuscht misst op d’Säit leeën, mengt d’CSL, datt méi misst investéiert ginn. An d’Infrastruktur, an den abordabele Logement an net zu Lescht an d’Sozialversécherung.
Wat déi steierlech Mesuren ugeet, stellt d’CSL eng gemëschten Zensur aus. Si begréisst engersäits d’Upassunge vum Steierbarème un d’Inflatioun, mee wann d’Regierung dës als Entlaaschtungspak géing verkafen, wier dat Etiketteschwindel. Vill méi wier et esou, datt eng Netupassung vum Steierbarème zu Steiererhéijunge fir d’Stéit gefouert hätt.
D’CSL fuerdert, datt de Barème nees automatesch un d’Inflatioun ugepasst gëtt. Si gesäit och d’Reduktioun vun der Kierperschaftssteier fir d’Betriber kritesch a fënnt, datt eng strukturell Reform noutwenneg wier, fir den Desequiliber an der Besteierung tëscht Aarbecht a Kapital an de Grëff ze kréien.
D’CSL kritiséiert och de favorabele Steierregimm fir Impatriés, déi op engem nämmlechten Akommes vill manner Steiere musse bezuelen, wéi déi aner Stéit. Do géif sech d’Fro vun der Gläichheet virum Gesetz stellen.