De Rapprochement vu formaler an non-formaler Bildung
D'Zesummenaarbecht vu Schoul a Maison relais gëtt ëmmer méi wichteg, mä wéi soll esou e Rapprochement ausgesinn a wéi realistesch ass eng global Ëmsetzung?
Viru ronn 20 Joer sinn zu Lëtzebuerg d’Maison relaisen agefouert ginn. Haut si se net méi aus dem System ewechzedenken: Ronn 70% vun den Eltere gräifen aktuell op dës Friembetreiung baussent de Schoulzäiten zréck. Ebe well se mëttlerweil esou verankert sinn, stellt sech ëmmer méi d’Fro, wéi d’Zesummenaarbecht tëscht de Schoulen a Maison relaise soll ausgesinn. Zil vum Ministère ass e Rapprochement, mä wéi genee soll deen ausgesinn? A wéi soll ee sech vun de bestoende Ganzdagsschoulen ënnerscheeden?
Zu Lëtzebuerg gëtt et dräi Ganzdagsschoulen. Déi éischt dovun huet 2006 hir Dieren opgemaach, also zu engem Zäitpunkt, wou d'Maison relaise grad emol opkomm sinn an déi formal an non-formal Bildung nach kloer getrennt waren. Ganzdagsschoul, dat heescht, dass d’Schüler eng Presenzzäit vun 8 Auer bis 15.40 Auer hunn. Déi ronn 40 Stonnen d'Woch, déi si an der Schoul verbréngen, sinn awer keng reng Schoulstonne mä e Mix aus formaler an non-formaler Bildung. Enseignanten an Educateure schaffen also enk zesummen. Esou gesinn, waren d'Ganzdagsschoulen e Virleefer vun deem, wat elo fir all d’Schoule soll ugestrieft ginn.
De Modell vun de Ganzdagsschoule wéilt een awer net weider multiplizéieren, erkläert de Lex Folscheid, Premier Conseiller aus dem Educatiounsministère. Virun allem mam integréierte Modell, bei dem Maison relais a Schoul zesumme geréiert ginn, hätt een d'Erfarung gemaach, dass dat dacks op d'Käschte vum non-formale Volet geet:
"D’Schoul priméiert ëmmer. Wann et drëm geet, eng Prüfung virzebereeden, wann et drëm geet, mat den Elteren ze schwätzen, dann ass et ëmmer esou, dass d‘Schoul méi wichteg ass bei den Elteren – a sécher och bei den Enseignanten - wéi déi non-formal Bildung. An do hu mir éischter d‘Decisioun geholl ze soen: Loosst eis weider an deene Modeller denken, wou mer zwee staark Partner hunn: Formal Bildung an non-formal Bildung. An da kucken, dass se musse matenee schwätzen a schaffen. An net alles an eng Ekipp ginn a riskéieren, dass ee vun hinnen dobäi ënner d’Rieder kënnt", sou de Lex Folscheid.
En Aushängeschëld vun deem, wat de Ministère sech am Idealfall fir all d’Schoule virstellt, ass den Diddelenger Projet "Lenkeschléi". E sougenannt "Bildungshaus" mat ville verschiddene Funktiounsräim, déi esouwuel wärend wéi och ausserhalb vun de Schoulzäite kënne genotzt ginn. D'Presenz ausserhalb vun de reguläre Schoulzäite bleift hei optional.
Esou eng enk Zesummenaarbecht mat der Maison relais wier eendeiteg eng Plus-value, erkläert d'Mim Schütz, Enseignante a Presidentin vum Schoulcomité Lénkeschléi. Dat net nëmme fir d’Personal, mä och fir d’Kanner. Op der anerer Säit géif et awer och Aschränkunge mat sech bréngen:
"Mir kënnen zum Beispill net eng Concertatioun an der Mëttesstonn maachen, well mer gär hätten, dass eis Referente vum SEA mat dobäi sinn. Dat ass awer hir Haaptstousszäit (...) dat heescht bei eis, dass d’office d’Concertatioun Méindes um véier Auer. Eng Plenière organiséiere mer och zesummen. Aner Schoule maachen déi villäicht an der Mëttesstonn oder Dënschdes oder Donneschdes mëttes. Dat geet bei eis net: Mir maache Plenièrë samschdes moies. Dat heescht, du hues och Contraintën, mä du weess vu vir eran, woufir dass de dech engagéiers", seet d’Mim Schütz.
D’Fro déi sech stellt: Ass déi ambitionéiert Visioun a reguläre Schaffzäiten ëmsetzbar? An ass se och op Schoulen iwwerdrobar, déi keen neit Gebai hunn, wat se sech mat der Maison relais deelen?