Protest e Freideg de Moie virum Finanzministère wéinst de steierlechen Diskriminatioune vun den iwwer 200.000 Frontalieren, déi zu Lëtzebuerg schaffen.

Den LCGB huet ënnerstrach, datt d'Grenzgänger net just all Dag mat Stau geplot sinn, mä ëmmer méi mat administrative Schikane konfrontéiert sinn an a Punkto Steiere carrement diskriminéiert ginn.

Protest géint Diskriminatioun vu Frontalieren / D'Michèle Sinner vun der Plaz

Et geet dobäi ëm Ongläichheeten an der Besteierung, e Problem, dee Grenzpendler aus den dräi Nopeschlänner betrëfft. Déi franséisch Frontaliere riskéieren doriwwer eraus, hire Chômage am Verglach mat franséische Residente gekierzt ze kréien, déi am Frankräich schaffen. Alles Problemer, déi op bilateral Ofkommessen tëscht Lëtzebuerg an den Nopeschlänner zeréckginn.

D'Gewerkschafte fuerderen eenheetlech Reegelen an der Groussregioun, wat d'Besteierung vun Iwwerstonnen ugeet, de Bereetschaftsdéngscht an och den Teletravail. Doriwwer eraus fuerdere si och en Enn vun de Grenzkontrollen.

Wouhier entsteet dësen Nodeel?

EU-Reglementatioune gesi fir, datt Grenzgänger am Land wou se beschäftegt ginn, kotiséieren, awer am Land vum Wunnsëtz Chômage kréien. Dës Entschiedegung gëtt allerdéngs op Basis vun der Pai gerechent – dës ass zu Lëtzebuerg dacks méi héich fir franséisch Frontalieren déi zu Lëtzebuerg oder an der Schwäiz schaffen.
 
D‘EU Reegelung gesäit zwar e finanzielle Ausgläich, dat heescht eng Kompensatioun vun 3 bis 5 Méint Chômage fir, ofhängeg vun der Dauer, déi kotiséiert gouf, ma dës Zomm geet bei wäitem net duer, fir seng Depensen a Frankräich ze couvréieren. 
 
Déi europäesch Reegelung kascht Frankräich am Joer ëm déi 800 Millioune Euro. Déi franséisch Regierung huet dowéinst d‘Sozialpartner opgefuerdert, Aspuerungen beim Chômage vun de Frontalieren ze fannen. D‘Schwäizer Grenzgänger kaschten de franséische Staat zwar am meeschten, mee d‘Lëtzebuerger maachen awer 22% vun den Depensen aus.

Frontaliere musse bezuelen

D‘Negociatiounen tëscht de Patronen a Gewerkschaften, déi de 14. November ofgeschloss goufen, gesi vir, e “Reduktiounskoeffizient“ beim Chômage anzeféieren, fir d‘Ënnerscheeder tëscht dem Liewensstandard tëscht dem Land wou ee geschafft huet a Frankräich ze consideréieren. 
 
De Base heescht dat, datt de Frontalier op déi franséisch Duerchschnëttspai soll entschiedegt ginn an net méi op déi vum Land wou ee geschafft huet. Déi nei Reegelung kéint vum 1. Abrëll 2025 u gëllen.
 
Vu Säite vun de Gewerkschaften maachen den OGBL an LCGB drop opmierksam, datt och Lëtzebuerg hei soll Roll ze spillen hätt an eventuell Kompensatioune misst ausdiskutéieren. De Grand-Duché géif soss riskéieren u Kompetitivitéit ze verléieren. Aktuell si ronn 47% vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen, Frontalieren. 
 
Der CGT no, der Confédération Générale du Travail, kéint de Lëtzebuerger Grenzgänger 32% vu sengem Chômage verléieren. De Schwäizer souguer 45%. 
 
D‘franséisch Frontaliere maachen 0,3% vum Chômage a Frankräich aus. Déi franséisch Regierung hofft drop, 2,6 Milliarden Euro a 4 Joer anzespueren. 1,48 Milliarden dovunner sollen iwwer d‘Frontalieren erakommen.