Wat d'Planze vu Beem ugeet, misst ee liicht ëmdenken an dofir och Zorten déi net aus eise Géigende sinn, hei am Land uplanzen.

D’Lënster Gemeng feiert den Dag vum Bam dëst Joer e bëssen aneschters wéi soss. Amplaz direkt beim Bësch oder op engem Bongert gouf d’Bam-Planz-Aktioun nieft de Sportkomplex "Op Fréinen" verluecht.

Eng Aktioun, déi dem Bierger och nom Dag vum Bam konkret eppes soll bréngen. Speziell ass hei d’Wiel vun de Bam-Zorten, déi begéint een nämlech éischter op där anerer Säit vum Atlantik.