D'Police konnt e Sonndeg zu Esch-Uelzecht och nach een Déif an op der Stater Gare een Drogendealer festhuelen.

E Sonndegnomëtteg ass et an der Rue de Bettembourg zu Bierchem zu engem Autosaccident komm. Eng alkoholiséiert Fra war mat hirem Gefier vun der Strooss ofkomm an an de Gruef geroden, wouropshi sech den Auto iwwerschloen huet. D'Fra gouf duerno fir eng Kontroll an d'Spidol bruecht. Well si der Police schonn e puer Mol wéinst Alkohol um Steier opgefall war, huet de Parquet d'Festnam vun der Fra ugeuerdent.

Eng weider Festnam gouf et zu Esch-Uelzecht, nodeems e Sonndeg an der Rue des Franciscains ee Portmonni aus engem Auto geklaut gi war. Méi spéit gouf den Täter bei enger Tankstell gestallt an d'Police huet beim Duerchsiche vun der Wunneng de geklaute Portmonni fannen. E Méindeg de Moie koum de Verdächtege virun den Untersuchungsriichter.

E Sonndeg gouf op der Stater Gare dann nach eng weider Persoun festgeholl, bei där et sech ëm een Drogendealer soll gehandelt hunn. D'Police hat géint 11.00 Auer zwee Männer an der Géigend vun der Place de la Gare kontrolléiert, déi sech kuerz virdrun an d'Hoer kritt haten. D'Beamte konnte bei der Kontroll bei engem vun de Männer eng Rëtsch Droge sécherstellen. Och hei ass déi betraffe Persoun e Méindeg de Moie virun den Untersuchungsriichter komm.