Äntwert op parlamentaresch FroDe CTIE war eng zweete Kéier d'Zil vu Cyberattacken

RTL Lëtzebuerg
No enger Cyberattack am Fréijoer goufen d'Internetsitte vum Staat och um Mëttwoch, den 23. Oktober, duerch eng sougenannt DDoS-Attack viséiert.
© RTL

Dat confirméiert déi zoustänneg Digitaliséierungsministesch Stéphanie Obertin op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Marc Goergen. Deemno waren Internetsitte viséiert, déi vum CTIE, dem Lëtzebuerger Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat, hebergéiert ginn, wéi ënnert anerem och de Site vum 112.

Kuerz viru Mëtteg waren d’Sitte wéinst der Attack deen Dag net méi erreechbar, sou d’Ministesch, déi och seet, datt de CTIE ëmmer nees nei Versich vun Attacken op seng Systemer registréiert - et wier eng Zort Kaz-a-Maus-Spill. Iwwert d’Defense-Mesurë vum Staat liwwert de CTIE natierlech aus Sécherheetsgrënn keng Informatiounen.

DDoS-Attacke probéieren, d’Reseaue mat enger Abberzuel vun Demanden esou ze bombardéieren, datt se net méi funktionell sinn. Esou Attacke sinn och Deel vun Erpressungsversich oder politesch motivéierten Aktiounen.

Äntwert vun der Ministesch fir Digitaliséierung a vum Premierminister op d'parlamentaresch Fro n° 1428 vum 24. Oktober 2024 vum Här Deputéierten Marc Goergen.

Back to Top
CIM LOGO