Brand an der Rue Victor Hugo, eng Persoun gouf liewensgeféierlech blesséiert
Zu Esch huet et an engem Haus an der Victor-Hugo-Strooss gebrannt. Nach ëmmer ginn et Perturbatiounen am Trafic.
De CGDIS mellt ee Blesséierten, nieft dem Samu waren och d'Pompjeeë vun Esch, vu Keel, vu Péiteng a vun Déifferdeng op der Plaz. Den Escher Buergermeeschter Christian Weis konnt eis confirméieren, dass eng Persoun an engem kriteschen Zoustand an d’Spidol koum.
Och d'Police huet spéiderhi kommunizéiert an huet ënnerstrach, datt eng Residente liewensgeféierlech blesséiert gouf. De Brand hätt een iwwerdeems ënner Kontroll bruecht.
Géint 4.45 Auer ass eng Nopesch vun engem Piipse wakereg ginn. Wéi se wollt kucken, wou dat hierkënnt, huet si gesinn, dass et brennt: "Wéi ech wollt op meng Terrass kucke goen, hunn ech aus der Fënster, déi op d’Nopeschhaus geet, gesinn, dass do alles a Flame stoung an dass d’Madamm op der Terrass stoung an do hunn ech natierlech direkt d’Pompjeeën an d’Ambulanz geruff ( …) Et geet elo bësse besser, d’Reaktioun wäert kommen, wann ech a mäin Haus ginn."
Nach bis no 7 waren d’Pompjeeën op der Plaz, fir d’Situatioun am A ze behalen. Den Ubau vum Haus hat och gebrannt an et bestoung d’Suerg, dass d’Feier do kéint op aner Haiser iwwergoen. Dat ass awer net agetrueden.
"Lo wäerten dann d’Experten hei sinn, fir ze kucken, wat d’Brandursaach ass, dat kann awer nach ee Moment daueren, bis een dat weess", sot den Escher Buergermeeschter Christian Weis.










An der Nuecht op e Mëttwoch gouf et och zu Klengbetten en Asaz wéinst enger elektrescher Installatioun an engem Haus. Hei sinn zwou Persoune verwonnt ginn.
Eng weider Persoun gouf en Dënschdeg den Owend géint 17.45 Auer bei engem Accident um Boulevard de Kockelscheuer blesséiert.