15 Persounen hei zu Lëtzebuerg schwätzen Esperanto
Lëtzebuerg ass bekannt fir seng grouss Variatioun u Sprooch-Communautéiten. Esperanto ass eng vu villen, déi et am Land gëtt.
Ma dës Sprooch gëtt nëmme vun ongeféier 15 Leit aktiv am Land geschwat. D’Lëtzebuerger Esperanto-Associatioun trëfft sech all Mëttwoch. De Brian Moon ass President vun der Associatioun, déi zanter 1971 besteet.
Et gëtt dacks gesot, dass Esperanto déi einfachst Sprooch op der Welt wier. Par-rapport zu anere Sprooche wier se méi einfach ze léieren, well alles reegelméisseg ass an et keng Ausname ginn a mat just 16 Reegelen ass d'Grammaire och scho komplett. Doriwwer eraus gëtt alles esou ausgeschwat, wéi et och geschriwwe gëtt.
Eng kuerz Geschicht
Esperanto gouf 1887 vum Ludwik Lejzer Zamenhof erfonnt. Hie wollt eng Sprooch schafen, déi einfach ze léiere wier, déi d'Leit verbënnt a gläichzäiteg och zum globale Fridde bäidréit. Esou ass Esperanto dann entstanen a sollt zur universeller Sprooch ginn, andeems se jidderengem seng zweet Sprooch wier. Doduerch kéinten d'Leit international op Esperanto kommunizéieren.
Ufank 20. Joerhonnert war Esperanto esou beléift, dass aus Neutral-Moresnet sollt en Esperanto-Staat gegrënnt ginn, wou Esperanto déi offiziell Sprooch wier. Dës Plaz gouf Amikejo gedeeft; dem Numm no wier et d'Plaz vun der Frëndschaft. Duerch den éischte Weltkrich konnt sech dat awer net duerchsetzen.
Mam zweete Weltkrich goufen dann nieft de Judden och Esperantiste verfollegt an ëmbruecht. Well den Zamenhof selwer Judd war a well d'Esperantiste vill international Kontakter haten, ware si net gutt ugesinn.
Mam alldeegleche Gebrauch vun Englesch konnt Esperanto sech net als universell Sprooch etabléieren.
Kriticken un Esperanto
Trotz den Idealer an der relativ einfacher Struktur vun der Sprooch gëtt Esperanto dacks kritiséiert. Ee Kritikpunkt ass, dass Esperanto eurozentresch wier. D'Aussprooch ass um Italieeneschen inspiréiert a vill Wierder, respektiv Sazbau, sinn aus germaneschen, laténgeschen a slawesche Sprooche geléint. Dofir wier et fir Net-Europäer méi schwéier, Esperanto ze léieren.
Doriwwer eraus gëtt Esperanto virgeworf, dass et eng sexistesch Sprooch wier, well déi männlech Form vu Wierder wier d'Norm an et misst een e Wuertdeel drun hänken, fir et weiblech ze maachen. Esou gesäit een et an dësem Beispill: patro = Papp - patrino = Mamm, frato = Brudder - fratino = Schwëster. Doduerch, dass "in" un déi männlech Form drugehaange gëtt, wier et eng männlech-dominant Sprooch.