Zil ass jo e Referendum, bei deem d'Bierger gefrot ginn, ob hir Gemeng sech net awer un enger Nordstad-Fusioun soll bedeelegen.

De Seuil vun 20 % wier erreecht, deelen d'Initiateure mat. D'Initiativ ass d'Suite vun enger Decisioun am Gemengerot. Enn Oktober war mat engem Vott am Conseil d'Dier fir weider Fusiounsgespréicher zougemaach ginn. De Buergermeeschter Patrick Mergen hat rezent op RTL gesot, datt et d'Recht vun de Bierger wier, esou eng Initiativ ze starten. Parallel sot de Gemengepapp, datt d'Resultat vun engem consultative Referendum de Gemengerot zu näischt verflicht.

E Freideg wëll d'Biergerinitiativ den Dossier mat den Ënnerschrëften op der Gemeng deposéieren an eng Demande fir e Referendum formuléieren. Ob déi aner 4 Gemenge Schieren, Ettelbréck, Ierpeldeng an Dikrech iwwerhaapt nach mat Bettenduerf wëlle fusionéieren, schéngt a Fro gestallt ze sinn.

Bettenduerfer Buergermeeschter Patrick Mergen reagéiert éischter zeréckhalend

Elo misst d'Gemengesekretariat Mol fir d'éischt iwwerpréiwen, ob de Quorum dann och wierklech erreecht wier. Sollt dat de Fall sinn, muss bannent dräi Méint e Referendum organiséiert ginn. Et misst ee kucken, wéi een Datum dee beschte wier, well een deemno wéi Gefor lafe géing, datt een an d'Fuesvakanz fält. Dee Moment wieren awer wuel eng Partie Leit net am Land. Ob de Schäffen- a Gemengerot sech un d'Resultat vum Referendum, dee just consultativ ass, hale wäert, ass nach net kloer. E Mëttwochnomëtteg kënnt de Gemengerot souwisou beieneen an do dierft de Sujet zimmlech sécher ugeschwat ginn.