Beim NIPT-Test handelt et sech ëm e Blutttest fir Anomalië bei de Chromosome beim ongebuerene Kand, wéi beispillsweis Trisomie 21 festzestellen.

Den "Test prénatal non-invasif", wéi e genannt gëtt, ass fräiwëlleg a gëtt vum Fraendokter verschriwwen. Lëtzebuerg war 2019 mat dat éischt Land an der Europäescher Unioun, wat dës Zort vun Depistage flächendeckend ubitt an en och vun der Krankekeess rembourséiert.

Wéi den Numm et scho seet, ass den NIPT-Test am Verglach zu enger ëmmer méi riskanter Fruuchtwaasserpunktioun en net-invasiven Test am Kader vun der pränataler Diagnostik, dee ganz einfach iwwert eng Bluttanalys gemaach gëtt. An de leschte 5 Joer goufen an den Analysen am Laboratoire National de Santé 423 Anomalien iwwert dëse Wee detektéiert. Am heefegste war mat eppes iwwer 42% vun de Fäll Trisomie 21. Dat geet aus der Äntwert vum Gesondheetsministère op eng parlamentaresch Fro vun der CSV ervir.

Donieft wieren 49 Fäll vun Trisomie 18 detektéiert ginn (11,6%). 31 Trisomie 13 (7,3%) a 24 Puppelcher haten de sougenannten "Turnersyndrom". An deenen anere Fäll huet et sech ëm aner rar Variatioune gehandelt. Anomalië bei de Sexualchromosome géifen, op Recommandatioun vun der Vereenegung vun de Fraendokteren, net systematesch erfaasst. Si géife just op explizitt Demande vum Gynekolog gekuckt ginn, wann eppes Opfälleges an engem Ultraschall gesi gëtt.

Wéi vill Fraen op Basis vun de Resultater vum NIPT-Test decidéiert hunn, fir ofzedreiwen, doriwwer gëtt de Gesondheetsministère keng Informatiounen. Et wier net méiglech, e Lien ze maachen tëscht de Resultater vum Test, der definitiver Diagnos an enger Ofdreiwung, schreift d'Santé op d'Fro vun der CSV-Deputéiert Nathalie Morgenthaler.