
D'Affär ëm de geplangte Sportmusée, déi Enn zejoert zu der Demissioun vum deemolegen CSV-Sportminister Georges Mischo gefouert hat, stoung e Méindeg de Mëtteg nach eng Kéier um Ordre du jour vun der parlamentarescher Budgetskontrollkommissioun. De Finanzminister Gilles Roth, déi nei Sportministesch Martine Hansen a Vertrieder aus béide Ministère stoungen de Memberen aus der Kommissioun Ried an Äntwert.
De Georges Mischo krut jo reprochéiert, ee "Protocole d'Accord" mam private Promoteur "IKO Real Estate" ënnerschriwwen an dobäi verschidde Prozeduren net respektéiert ze hunn. A verschidden Dokumenter wier och d'Wuert Kongresszenter gefall amplaz Sportmusée. Wéini ass d'Iddi vun engem Kongresszenter fir eng éischte Kéier opkomm a vu wiem, wollten e puer Oppositiounsdeputéiert wëssen. Op déi Fro gouf et awer och an dëser Sëtzung keng konkret Äntwert. Et géing net dorëmmer goen, mam Fanger op een ze weisen, huet d'CSV-Deputéiert, Stéphanie Weydert gekontert. De Procole d'accord hätt definitiv net dierfen ënnerschriwwe ginn an den deemolege Sportminister Georges Mischo hätt seng Konsequenze gezunn.
D'Regierungsvertrieder a Memberen aus der Kommissioun ware sech eens, datt bei de Prozedure misst nogebessert ginn. An Zukunft sollen och spezifesch Formatiounen ugebuede ginn, fir datt esou eppes net nach eng Kéier virkënnt.
D'Budgetskontrollkommissioun kritt da vun der parlamentarescher Rentrée un een neie President. Dat huet den aktuelle President vun där Kommissioun, den LSAP-Deputéierte Franz Fayot, zum Schluss vun der Sëtzung annoncéiert. Den Diddelenger Deputé-Maire Dan Biancalana iwwerhëlt. Dat wier vun Ufank un esou ofgemaach gewiescht, sech d'Mandat ze deelen. Déi Decisioun gouf unanime ugeholl.