Schosswaff un de Kierper gehalenFestnam no Menacen zu Ëlwen

RTL Lëtzebuerg
Op Uerder vum Parquet gouf kuerz drop eng Persoun festgeholl. d'Ermëttlunge lafen.
© RTL Archiv

An der Nuecht op e Samschdeg huet e Mann op engem Policebüro eng Plainte wéinst enger Menace gemaach, déi den Owend virdrun zu Ëlwen gemaach goufen. Éischten Erkenntnisser no gouf de Mann vun enger him bekannter Persoun bei eng Bänk an der Géigend vum Futtballterrain zu Ëlwe gefouert. Do soll him en zweete Verdächtegen eng presuméiert Schosswaff un de Kierper gehalen hunn, wärend deem den éischte Verdächtegen d'Affer verbal menacéiert huet.

Kuerz drop sinn déi zwee Verdächteg a Richtung Gare fortgelaf sinn. Am Kader vun den Ermëttlungen déi ageleet goufen, konnt eng verdächteg Persoun e Samschdeg de Moie vun der Police lokaliséiert ginn. Op Uerder vum Parquet gouf dës Persoun festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter. Dësen huet e Mandat d'arrêt géint d'Persoun erlooss.

Back to Top
CIM LOGO