
An der Nuecht op e Méindeg krut d'Police géint 3 Auer eng schwéierblesséiert Persoun an engem eidele Wunngebai um Belair an der Stad gemellt. Op der Plaz hunn d'Polizisten e Mann virfonnt, deen eng déif Schnëttverletzung um Ueweraarm hat. Am Kader vun den Ermëttlunge konnt en Zeien an e Verdächtegen ermëttelt ginn.
Op Uerder vum Parquet gouf déi verdächteg Persoun festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter. De Blesséierten koum fir weider Behandlungen an d'Spidol.
Zwou weider verdächteg Persoune sinn nach ëmmer op der Flucht. D'Ermëttlungen zu den Ëmstänn vun der Dot a méigleche weidere Bedeelegte lafen.