
Virlescht Woch huet d'EU-Parlament gréng Luucht fir eng Reegelung ginn, déi spéitstens a siwe Joer gräift a virgesäit, datt an Zukunft Grenzpendler, déi hir Aarbecht verléieren, de Chômage vum deem Land ausbezuelt kréien, an deem se fir d'lescht geschafft hunn an net méi vun deem Land, an deem se wunnen. Fir Lëtzebuerg bedeit dat no aktuelle Previsiounen, datt pro Joer 200 Milliounen Euro zousätzlech a Chômageindemnitéite fléisse géingen. Mee wou kommen déi Suen iwwerhaapt hier?
De Chômage gëtt vum Fonds pour l'emploi ausbezuelt. Dee gouf 1976 per Gesetz geschaaft an huet am Ufank nach Fonds de chômage geheescht. E gëtt aus verschiddene Quelle gespeist, am meeschte Sue kommen duerch d'Solidaritéitssteier eran. De Bob Greis, Member vum Cabinet vum Aarbechtsminister Marc Spautz an do responsabel fir de Fonds pour l'emploi, erkläert, wéi déi Steier sech zesummesetzt:
"Do ginn et am Fong zwee Voleten. Eng Kéier hu mer den Impôt sur le revenu des personnes physiques, quasi 57 Prozent vun de Steierrecetten, déi an de Fonds pour l'emploi fléissen, kommen aus där Source, dat heescht vu Privatpersounen. Dat ass am Fong eng Linn, déi mer op eisem Steierbulletin ganz zum Schluss gesinn, wou am Fong nach eng Kéier een Topping op d'Akommenssteier geschitt. Ofhängeg vun der Steierklass an dem Revenu imposable kënnen dat siwen, respektiv néng Prozent sinn. Gläichzäiteg kommen awer och Steiere vu Säite vun de Betriber, dat ass den Impôt sur le revenu des collectivités."
D'Steiere vun de Betriber maache 26 Prozent vun de Recettë vum Fonds pour l'emploi aus, déi Suen, déi iwwert d'Accisen um Sprit erakommen, maachen 10 Prozent aus. Zesumme mat de 57 Prozent vun de Privatpersoune sinn dat 93 Prozent, déi aus 3 Quelle kommen. Fir d'Joer 2025 si méi wéi 1 Milliard Euro erakomm. Et ass gesetzlech iwwerdeems net gereegelt, datt eng gewëss Zomm als Reserve am Fong bleiwe muss.
"De Fonds pour l'emploi ass am Fong ee Fonds spécial, sou nennt sech dat an der Staatscomptabilitéit, an do huet ee gewësse Flexibilitéiten. Eng dovunner ass, datt wann ee Joren een Iwwerschoss huet, da falen déi Suen net un d'Ekonomie, dat heescht déi bleiwen an deem Fong, dat heescht, a gudde Jore kann ee sech een Avoir opbauen. Et ass awer lo sou, datt mer déi lescht zwee Joren, dat heescht 2024 an 2025, Defiziter geschriwwen hunn. Dat heescht, den Avoir ass geschrumpft a mir leie lo Enn 2025 nach bei engem Avoir vu 454 Milliounen Euro."

Et wier awer net déi éischte Kéier, datt de Fong een Defizit mécht, mee dat wier schonn 2020 wéinst der Pandemie de Fall gewiescht. Och den Ukrain-Krich hätt een negativen Impakt gehat, well vill Ukrainer op Lëtzebuerg komm sinn an hu mussen opgefaange ginn. Dobäi kéim, datt d'Wirtschaft zanter e puer Joer net méi sou dréine géing, wéi een dat virdru laang gewinnt war. Et wéilt een d'Finanze vum Fong awer sou gutt et geet am Equiliber halen an et misst ee kee groussen Ekonomist sinn, fir ze wëssen, datt een do just zwou Alternativen huet, entweder nei Recette generéieren oder d'Depensen erofdrécken. An der Vergaangenheet hätt ee virop op preventiv Mesure gesat.
"Déi lescht Joren hu mer de Fokus op Formatioune geluecht. Do si mer bis d'lescht Joer op ronn 40 Milliounen Euro eropgaangen. Och an der Optik, fir dem Chômage virzegräifen, ass d'lescht Joer am Juni de Projet de loi ugeholl ginn iwwert de Skillsplang, wou d'Neierung fir de Fonds pour l'emploi ass, datt en och bei Leit kann aktiv ginn, déi nach an engem Salariastsverhältnis sinn. Bis do virdru war et ëmmer sou, datt d'Adem réischt konnt aktiv ginn, wann ee wierklech am Chômage ass."
De System fundamental ze änneren, zum Beispill nom Virbild vun eisen dräi Nopeschlänner, wier aktuell net geplangt. Do gëtt de Chômage éischter iwwert d'Cotisatioune finanzéiert, deenen hir Héicht deels vun de Sozialpartner zesummen definéiert gëtt. A Frankräich heescht dee Gremium Unédic a kann esouguer Emprunten ophuelen, fir d'Depense beim Chômage ze bezuelen.
Am Aarbechtsministère ënnersträicht een, datt et ganz schwiereg virauszesoen ass, wéi vill méi u Chômage déi nei EU-Reegelung Lëtzebuerg wierklech kaschte wäert. Nieft der Situatioun um Aarbechtsmarché géing dat och dovun ofhänken, wéi vill Indextranchë bis dohin erfall sinn a wéi héich de Mindestloun ass.