Nei Website op Spueresich vun de Mineuren
Fir un déi dausenden Aarbechter, déi an de Lëtzebuerger Minnen ëm d'Liewe komm sinn, z'erënneren, ass eng speziell Website an d'Liewe geruff ginn.
Op d'mannst 1.500 Aarbechter sinn an de Lëtzebuerger Minnen tëscht 1860 an 1980 ëm d’Liewe komm. Fir u si z'erënneren a méi Liicht an hir Geschicht ze bréngen, huet d'Lëtzebuerger Zenter fir zäitgenëssesch an Digital Geschicht (C2DH) am Optrag vun der Inspection du Travail et des Mines (ITM) eng Website an d’Liewe geruff. Dat soll awer eréischt den Ufank vun engem gréissere Projet sinn.
Am Zentrum vum Site steet d’Léiffrächen als Schutzpatréinesch vun de Minnenaarbechter an d’historescht Monument zu Keel. 26 stengen Tableauen erënneren un déi, déi hiert Liewe bei där schwéierer Aarbecht an den Tunnelle verluer hunn. Fir d’Recherche iwwert hiert Liewen ze vereinfachen, hunn d'Chercheure vun der Uni d'Nimm vun den Tableauen an d'"Register der Bergbauopfer" vum Emile Gelhausen transkribéiert. Esou huet d'Zentrum fir zäitgenëssesch Geschicht och Statistiken iwwer d'Accidenter opgestallt. De Sam Klein ass Militärhistoriker an huet um Projet geschafft. Et wier opfälleg, dass d'Doudeszuelen an de Minne mat den zwee Weltkricher géifen zesummenhänken:
"Dann ass d’Land an eng ekonomesch Kris geroden an da sinn d'Doudeszuelen (an de Minnen, ndlr) erofgaangen". Dat jéngsten Affer wier 16 Joer al gewiescht, dat eelsten 78.
De Site ass eng éischt Etapp vun engem gréissere Projet, wou een eng ganz Datebank iwwert déi verstuerwe Mineuren zesummendroe wëllt. Do ass d'Inspection du Travail et des Mines mat am Coup, déi hiren 150. Gebuertsdag feiert. De Marc Boly, Direkter vun der ITM erkläert, et wier hinne wichteg gewiescht, dass de Wuelstand vu Lëtzebuerg och op manueller Aarbecht berout. Dofir wier et wichteg, un d’Aarbechter z’erënneren.
Allerdéngs hunn d’Donnéeën aus der Zäit vun de Mineuren hir Limitten. Et wier schwiereg, eppes iwwer d’Nationalitéit vun den Aarbechter erauszefannen, well bis elo ëmmer just d’Uertschaft, an där se gewunnt hunn, an den Dokumenter steet.
Wien historescht Material huet, ka sech beim Zenter fir zäitgenëssesch an Digital Geschicht mellen.