D'Reprochë vu Mobbing a moraleschem Harcèlement waren duerch Leit formuléiert ginn, déi fir d'Conter Gemeng schaffen.

Am Litige ëm Reproche vu Mobbing bannent der Administratioun vun der Gemeng Conter wëll den Inneminister eng extern Mediatioun, fir de Sträit tëscht zwee Salariéen an dem Schäfferot bäizeleeën.
 
Dorop wier sech bei enger Entrevue am Inneministère tëscht dem OGBL an dem Conter Schäfferot mat der Buergermeeschtesch an de Schäffen Ansay a Schmitz gëeenegt ginn.

De Minister Léon Gloden selwer kann an dësem Fall net als Mediateur intervenéieren, preziséiert hien an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun de gréngen Deputéierte Meris Šehović a Djuna Bernard.
 
Wéinst dem toxeschen Aarbechtsklima a schlechte Relatiounen tëscht Personal a Gemengeresponsabelen hat de Schäfferot eng Enquête bei enger Stater Consultingfirma an Optrag ginn, déi zur Conclusioun hat, datt näischt un de Reprochen dru wier.

Och en Affekotebüro war op Basis vun deem selwechte Rapport zu där Conclusioun komm. Den OGBL hat awer Doutten un dësem Rapport a fuerdert - genee wéi d'Conter DP-Oppositioun - eng onofhängeg Enquêtëkommissioun.