D'Police krut e Sonndeg am spéiden Nomëtten e Mann gemellt, dee géigeniwwer enger Fra Mordmenacen ausgeschwat hat.

Wéi et vun der Police heescht, soll de Mann ausserdeem versicht hunn, d'Fra mat sengem Auto unzestoussen. Wéi hien net mat de Beamte kooperéiere wollt, hunn dës hie mussen immobiliséieren. E gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Méindegmoie virun den Untersuchungsriichter.