Präisdeierecht
Inflatioun hëlt weider of, Index fält méi spéit wéi geplangt

D’Präisdeierecht huet am November nees liicht ofgeholl. Se ass ëm 0,5% par Rapport zum Mount virdrun zeréckgaangen, esou de Statec um Mëttwoch.
Op ee Joer gekuckt ass den Inflatiounstaux vun 1% op 0,8% gefall, sou de Statec an engem Schreiwes.
Wéinst dem Réckgang vun der Inflatioun an de leschte 4 Méint wäert dann och déi nächst Index-Erhéijung op e méi spéide Moment no hanne verréckelt ginn. Enn Dezember wäert de Statec dozou kommunizéieren a méi e präzisen Datum uginn.
Detailer a weider Informatioune ginn et op statistiques.lu.
Am meeschte gelies