Well si dacks aner Prioritéite wéi hir Gesondheet hunn oder Symptomer net erkennen, kënnt et bei Frae mat Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen zu Komplikatiounen.

Häerz-Kreeslaf-Problemer ziele weltwäit zu den Haaptdoudesursaachen. Am Joer 2022 sinn zu Lëtzebuerg méi Frae wéi Männer un de Suite vun esou enger Erkrankung gestuerwen. 586 Frae géintiwwer 518 Männer. Un de Suitte vu Kriibs sinn dat selwecht Joer 540 Frae gestuerwen.

Den Altersduerchschnëtt wier zënter 2001 konstant bliwwen, allerdéngs géingen ëmmer méi Fraen un Häerz-Problemer leiden. “Si reagéieren och dacks ze spéit, well si am Liewen aner Prioritéiten hunn. Beispillsweis d’Kanner, d'Aarbecht, den Haushalt. A well si da sou oft spéit dru sinn, kënnt et ëmmer nees zu méi schwéiere Komplikatiounen”, erkläert den Dr. Arnaud Charpentier, Häerz-Chirurg an Direkter vum INCCI, dem nationalen Häerzzenter.

Och d’Claudine Meyer, 51 Joer, war sech laang net bewosst, datt si eppes um Häerz huet. Am Februar ass si operéiert ginn – si krut eng mechanesch Häerzklapp agesat. “Do geet engem Villes duerch de Kapp, wann ee weess, datt een esou eng Operatioun viru sech huet.”

D’Jessy Nies, 47 Joer, huet am Abrëll een Häerzinfarkt gemaach. D’Symptomer si bei Frae ganz anescht, wéi beim Mann. Net dat Zéien um Aarm, net d’Péng an der Broscht. Beim Jessy huet et mat Réckewéi a Middegkeet ugefaangen.

Wéi reagéiert de weibleche Kierper op een Häerzinfarkt, a wéiwäit ass et anescht, wéi beim Mann? Wisou ginn Häerz-Erkrankunge bei Fraen dacks méi spéit entdeckt? Äntwerten am Reportage.