Chargéierte Programm e Mëttwoch an der Chamber um Krautmaart. Ganzer fënnef Stonnen hunn d'Deputéiert de Mëtteg debattéiert an ofgestëmmt.

Um Ordre du Jour stoung zum Beispill eng Aktualitéitsstonn iwwer d'Handyen an de Schoulen an eng iwwer d'COP 29 zu Baku am Aserbaidschan. Déi hat d'LSAP ugefrot an hiren Deputéierte Franz Fayot bedauert et, datt Konferenzen, wéi zum Beispill déi hei, weisen, datt d'Weltgemeinschaft et den Ament net fäerdeg bréngt, fir déi grouss Erausfuerderunge vum Ëmweltschutz mat Ambitioun unzegoen.
Nieft der Solidaritéit mat de Länner aus dem Süden, huet hie betount, datt een och misst de sozialen Impakt op eis Gesellschaft heiheem am Bléck hunn.

Franz Fayot an der Chamber

"Obscho mer am Fong ëmmer méi séier a méi drastesch Mesure missten huelen, fir Klimaschutzziler ze erreechen, geet de politeschen Trend hin zu Parteien, déi bremsen, déi d'Leit net wëllen nerven oder carrement behaapten, de Klimawandel wier eng Ligen. Extrem riets Parteien hunn doraus Kapital geschloen a wäerten dat an Zukunft och nach weider maachen. D'Ongläichheeten an d'Aarmut wäerte weider zouhuelen, wann d'Politik net aktiv géigesteiert."

Iwwer d'Resultat vun der COP muss oder kann een diskutéieren, esou de Jeff Engelen vun der ADR. Et wier sécher net "zefriddestellend" fir déi ganz Welt, mä ëmmerhi géif matenee geschwat ginn a fréier oder spéider géif et vläicht eng Kéier en anert Resultat ginn.

Jeff Engelen an der Chamber

"D'Richtung, an déi et geet, ass och iergendwéi kloer. D'Industrienatioune gi schwindelerreegend Zommen an Entwécklungslänner aus, fir esou d'Folge vum Klimawandel ofzefiederen. Och Lëtzebuerg wäert an deenen nächste fënnef Joer säi Bäitrag ëm weider 100 Milliounen Euro erhéijen. Mir gehéieren also kloer zu de sougenannte "Geberländer". Wann een awer de globalen Text vun där Debatt kuckt, kéint een awer iwwer Sënn an Onsënn vun esou Mesuren diskutéieren."