D‘Regierung verlängert déi steierlech Mesuren am Beräich vum Logement bis de Juli nächst Joer.

Et hätt ee gesinn, datt déi Mesuren hir Friichte géifen droen an et wéilt een dee Schwong, deen doduerch opkomm wier, elo net bremsen, esou de Premier Luc Frieden e Freideg beim Pressebriefing nom Regierungsrot.

Logement, Ausland an Investissementer Thema am Regierungsrot / Rep. Dany Rasqué

Dat betrëfft virun allem de bëllegen Akt fir eegen Wunnengen a fir den Investissement am locative Wunnengsbau (VEFA), genau ewéi d‘Reduktioun vun der Besteierung vun de Plus-valuen, wann een eppes verkeeft an och den Taux an d‘Dauer vum Amortissement accéléré fir Locatiounswunnengen.

Eigentlech eng kleng Iwwerraschung op Niklosdag, well d'Regierung hat am Fong net wëlles, dës Moossnamen ze verlängeren. Si sinn temporär fir Schwong an d'Saach ze bréngen, géif een eppes definitiv maachen, géif een dee Schwong net kréien, esou de Luc Frieden.

"Elo stelle mer fest, grad um Enn vum Joer, datt mer dat erreecht hunn, wat mer wollten a well mer elo wëssen, datt eng Rei Leit do stinn, déi op hire Prêt waarden, déi op den Notairesakt waarden, déi an de Gespréicher si mat Vendeure vun Immobilien, dofir hu mer de Moie gemeinsam beschloss - nodeems mer déi lescht Woch eng éischt Diskussioun doriwwer haten - dat fir 6 Méint ze verlängeren."

Situatioun an eisen Nopeschlänner

Nieft dem Logement huet de Regierungsrot e Freideg och iwwert déi politesch Situatioun am noen Ausland geschwat. De Luc Frieden sot, hie géif bedaueren, datt mer eng terribel politesch Instabilitéit an Däitschland a Frankräich an an der Belsch hätten.

An eisen Nopeschlänner géif et dräi net-funktiounsfäeg Regierungen, déi keng politesch Akzenter kéinte setzen. Dat wier net just schlecht fir déi betraffe Länner, mä an enger oppener Ekonomie och fir eis.

"Ech maachen dofir och en Appell un d'Responsabilitéit vun den Nopeschlänner, fir sou séier wéi méiglech erëm de "bon sens" gëllen ze loossen, fir politesch Responsabilitéit z'iwwerhuelen, fir mat politesche Spillercher opzehalen a fir eng staark Majoritéit ze schafen, déi déi Länner ka viru bréngen."

Heiheem haten d'Gewerkschaften dëser Deeg mat engem Generalstreik gedreet, mä dem Luc Frieden ass et net baang.
"Generell well dat eng Kultur ass, déi eisem Land net entsprécht an ech muss och soen, wa mer wëllen, datt et eis geet wéi de Fransousen, da solle mer eis behuele wéi d'Fransousen. Wa mer wëllen, datt mer Fridden, Wuelstand, wirtschaftleche Wuesstem a sozial Gerechtegkeet schafen da solle mer op deem Wee vun der Modernisatioun vun eisem Land viru goen. Stoe bleiwen ass fir mech keng Solutioun. Wësst der, ronderëm ännert sech d'Welt."

De Luc Frieden seet, hie wier och gudder Déng well hien d'Gewerkschafte géif kennen. Hie géif sech net vun haardem Gejäiz op Kongresser impressionéiere loossen.

Investissementer an d'Elektromobilitéit an an de Bau vun Zären

Déi, déi Borne siche fir hiren Elektroauto ze lueden, kënne sech op en Investissement vu Regierungssäit an der Héicht vun 30 Milliounen iwwer 3 Joer freeën. 
Deen een oder aneren Acteur am Liewensmëttelberäich freet sech da villäicht op eng Zär. Tomaten oder Äerdbieren, Orangë vun de kuerze Weeër well aus eegener Lëtzebuerger Produktioun. Et soll een als Land kënnen zu engem méi héije Prozentsaz fir seng Ernierung suergen. Fir de Bau vun Zäre lancéiert de Staat en Appel à projets a subventionéiert deen Invest mat bis zu 40% bis maximal 20 Milliounen Euro.

E gerechten europäesche Fräihandelsaccord am Dialog mam Bauer

D’Land stäerke fir d’Zukunft, heescht fir d’Regierung awer och mat de Baueren dialogéieren, sou de Luc Frieden. D'Regierung géif am Kontext vum europäesche Fräihandelsaccord dofir suergen dass, d’Konditiounen an d’Standarde fir Latäinamerika z.B. déi selwecht wieren, wéi fir Europa an deemno och eis Baueren. Der Landwirtschaft hei just e klenge Véibestand erlaben an da massiv Fleesch-Importer aus deenen anere Länner ze erlaben, wier eng falsch Politik. Bis Ouschtere wäert d’Regierung hir Analys vun de Verträg gemaach an eng Decisioun geholl hunn.