Géint 2.30 Auer e Sonndeg de Moie goufen zwou Persoune blesséiert, wéi sech op der A4 op der Héicht vu Féiz en Auto iwwerschloen huet.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Monnerech a Keel, d'Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng an de Samu vun Esch.

Knapps eng Stonn virdru krute sech zu Diddeleng zwee Autoen ze paken. Hei gouf eng Persoun blesséiert. D'Ambulanz an d'Pompjeeë vun Diddeleng goufen an den Asaz geruff.

Kuerz no 9 Auer e Sonndegmoien ass en Auto op der A13 an Direktioun Péiteng an de Gruef gefuer. Hei waren d'Ambulancieren an de Samusdokter vun Esch op der Plaz, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren. Och d'Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng a Monnerech waren am Asaz.

Géint 17.30 Auer e Samschdegowend hat sech dann en Auto zu Ettelbréck iwwerschloen. Och hei gouf et ee Blesséieren. D'Ambulanz aus der Nordstad an d'Pompjeeën aus der Nordstad a vu Mäerzeg waren op der Plaz.