D'Police sicht no enger Rei Abréch no Informatiounen

Tëscht e Samschdegnomëtteg an e Sonndegmoie gouf op enger Partie Plazen uechter d'Land agebrach.
Wéi d'Police matdeelt, war dat um Lampertsbierg, zu Réimech, Altréier, Gonnereng, Ouljen, Garnech, Éilereng, Esch-Uelzecht, Rodange, Tënten, Bartreng a Stroossen de Fall. D'Abriecher hu Wunnengen duerchsicht a Suen, Bijouen Aueren a weider Wäertgéigestänn matgoe gelooss.
Bei den Enquêtë wier erauskomm, dass de Gros vun den Abréch tëscht 16 an 20 Auer e Samschdeg waren.
Well eng Partie vun den Abréch an Uertschafte passéiert sinn, déi nieftenee leien, biet d'Police d'Leit, déi am Laf vum Samschdegnomëtteg verdächteg Persounen oder Gefierer gesinn hunn, sech bei der Police Judicaire ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 60 1140 oder via Mail op spj.rgb@police.etat.lu.
Iwwerdeems biet d'Police d'Leit, och onofhängeg vun den Abréch vun e Samschdeg, verdächteg Persoune virsiichtshallwer um 113 ze mellen.
D'Police huet och eng Partie Rotschléi publizéiert, fir sech virun Abréch ze schützen.