En Accident an eng Partie Fürerschäiner, déi agezu goufen

Géint 1.30 Auer e Samschdegmoien ass et op der Héicht vun der Rue de la Fontaine zu Diddeleng zu engem Accident komm.
En Automobilist gouf hei liicht blesséiert a koum fir eng Kontroll an d'Spidol. Beim zweeten Automobilist, deen an den Accident verwéckelt war, huet den Alkoholtest e positiivt Resultat ugewisen. Well den Alkoholtaux am Blutt ënner 1,2 Promill louch, gouf de Fürerschäin net agezunn.
Am Laf vun der Nuecht kruten allerdéngs véier aner Chaufferen de Permis ofgeholl, well si ze vill gedronk haten. Dat war zu Rolleng, zu Réimech an zwee Mol zu Esch-Uelzecht de Fall.
Iwwerdeems huet d'Police um Samschdegowend an an der Nuecht op e Sonndeg op e puer Plazen Alkoholkontrolle gemaach. Dat zu Rammerech, Nidderfeelen, Stroossen a Bartreng. Dobäi goufen am Ganze véier Fürerschäiner agezunn.