Muttergottesoktav feiert 400 Joer
D’Kierch feiert 400 Joer Muttergottesoktav. Fir den Optakt vun de Festivitéite gouf et eng Mass an der Kathedral an enger Pressessioun an d'Glacis-Kapell.
Op den Dag genee am Joer 1624 huet de Jesuittepater Jacques Broquart d’Muttergottesstatue mat senge Studente virun d’Stadmaueren op den haitege Glacis bruecht, fir dass jiddereen Zougank zu hir hätt. An der Kapell steet d'Tréischterin elo eng Woch, wärend där ëmmer nomëttes eng Abberzuel Aktivitéiten organiséiert ginn. Vum nächste Sonndeg un ass d’Muttergottes dann nees op hirer gewinnter Plaz an der Kathedral. De Jubiläum geet vun elo u bis de 25. Mee 2025, dem leschten Dag vun der Oktav.
Et waren esouvill Leit an der Kathedral, dass et hätt kënnen den Optakt vun der Oktav sinn oder d’Chrëschtmetten. Mä nee, et war de Lancement vun de Feierlechkeete ronderëm eis Tréischterin, d’Muttergottes, déi zwar scho ganz laang an der Ënneschtgaass doheem ass, mee eben net nëmmen. E Stéck gehéiert si op de Glacis, an do koum d’Consolatrix haut och nees hin. Si gëtt vun elo un a bis de leschten Dag vun der Oktav gefeiert an dat net just zu Lëtzebuerg.
Wien d’Consolatrix emol anescht, ganz no wëllt gesinn, geet dës Woch also op de Glacis. De Jesuittepater Brocquart huet si viru 400 Joer dohinner bruecht, well hien d’Pescht iwwerlieft huet oder wéinst dem Krich deemools? D’Christine Marx aus dem Comité Jubilé 400 Joer Oktav erkläert, de Pater hätt si dem Vollek wëlle méi accessibel maachen.
Dem Abbé Tom Kerger seng Kathedral wäert elo eng Woch ouni d’Consolatrix missen auskommen. No de Feierlechkeeten um Glacis fänken déi an der Ënneschtgaass un an dat bis dee leschten Dag vun der Oktav.
De Kalenner fënnt een op Cathol.lu.