CGDIS                            
                            E Méindeg am spéiden Nomëtteg sinn zwou Persounen ugestouss ginn
                    Géint 17.15 Auer e Méindeg ass am Rollengergronn e Foussgänger vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn. D'Ambulanz aus der Stad war op der Plaz.
Ongeféier zur nämmlechter Zäit ass zu Miersch an der Areler Strooss eng Persoun vun engem Bus ugestouss ginn. Hei war nieft der Ambulanz vu Lëntgen och de Samu vun Ettelbréck sur place.
                            Am meeschte gelies