Foussgänger, deen um Findel ugestouss gouf, huet net iwwerlieft

© Domingos Oliveira
Wéinst engem Verkéiersaccident gouf d'Route de Trèves um Findel jo en Dënschdeg den Owend géint 19.30 fir de Verkéier gespaart.
Wéi d'Police op Nofro matgedeelt hat, gouf um kuerz no 19 Auer en Dënschdeg den Owend e Foussgänger vun engem Auto ugestouss a blesséiert. D'Persoun, déi schwéier blesséiert gouf, koum, nodeems se op der Plaz versuergt gouf, an d'Spidol, fir do weider behandelt ze ginn.
Den 51 Joer ale Mann ass opgrond vun den uerge Blessuren am Laf vun der Nuecht am Spidol gestuerwen.
Op Uerder vum Parquet gouf de Miess- an Erkennungsdéngscht mat den Ermëttlunge beoptraagt.
D'Strooss huet musse gespaart ginn, fir de Secouristen Accès zu der Plaz ze ginn. Géint 23.30 Auer ass d'Streck nees fir den Trafic opgaangen.