Buerg vun Huelmes huet wuel anescht ausgesinn, wéi geduecht
Bannent enger Woch gouf et zwou gréisser archeologesch Decouverten am Land. Zu Huelmes huet se d'Archeologen iwwerrascht.
Nom Réimerschatz zu Holztem huet den Nationalen Institut fir archeologesch Recherchen zu Huelmes bei der Buerg divers Baustrukturen aus dem Mëttelalter an aus der fréier Neizäit fonnt.
De Service National de la Jeunesse wollt déi al Jugendherberg nei bauen. Bei präventiven archeologeschen Ënnersichunge virum Neibau huet den INRA déif am Buedem Iwwerreschter vun engem zweete Gruef virun der Buerg fonnt, iwwer deen eng stenge Bréck gaangen ass. Donieft gouf et och eng weider Struktur mat zwee Tierm.
Eng vun de Konklusiounen ass déi, datt et op där Plaz nach méi al Konstruktioune gouf wéi déi, déi lo do stinn. Den Accès zur Buerg wier aussergewéinlech, sou de Clement Gerardin, zoustännegen Archeolog op der Plaz.
"Il y a très peu de cas de châteaux avec un prés-bastion, donc un bastion avant le château. Il me semble que pour l’instant le cas le plus proche, c’est un château en République Tchèque et quelques cas en Allemagne, mais donc c’est quand même quelque chose assez rare."
Datt am Beräich virun der Buerg elo sou historesch Decouvertë gemaach goufen, koum iwwerraschend.
"C’est quelque chose, qui n’était pas du tout sur les cartes, sur les anciens plans. Donc ça change complètement notre vision du château de Hollenfels, comme on l’imaginait avant."








D’Baustrukture wieren an engem aussergewéinlech gudden Zoustand. Et goufen awer och aner Saache fonnt, deelt d’Heike Pösche, Responsabel fir klasséiert archeologesch Sitten, mat.
"Mir hunn och ganz vill Objete fonnt. Eemol sinn dat Objeten aus dem militäresche Beräich. Dat sinn ebe Kanounekugelen. 1683, 1684, ass jo och aus schrëftleche Quelle bekannt, dass d’Duerf komplett futti gemaach gouf an d’Bréck beschoss gouf. Et kann also sinn, dass d’Kanounekugelen aus dëser Zäit stamen. Mir hunn awer och ganz vill Géigestänn aus dem Alldagsliewe vun den Zaldote fonnt, déi eben hei stationéiert waren."
Et gouf souguer eng al Sëlwermënz fonnt, déi aus Spuenien staamt.
Dat neit Bild vun der Buerg dréit dozou bäi, d’Geschicht besser ze verstoen an ze dokumentéieren an och d’kulturell an touristesch Offer ze verstäerken. D’Aarbechten un der Jugendherberg sollen awer weidergoen, soulaang ënnert dem Haff déi néideg Schutzmoossnamen ergraff ginn. D’Bauaarbechte solle sou wéineg wéi méiglech Impakt op d’Vestigen hunn.
D’Warscheinlechkeet wier grouss, datt et zu Huelmes nach zu méi Decouvertë wäert kommen, sou d’Archeologen.