Um Schinker gouf een eenzegaartege Réimerschatz entdeckt
2 Hobby-Historiker haten 2019 hei eng Decouverte gemaach, déi bannent den nächste 4 Joer zu Ausgruewungen an der Entdeckung vun 141 Goldmënze gefouert hat.
Et ass eng Decouverte, wéi se net dacks gemaach gëtt. Am September 2019 hunn zwee Hobby-Historiker op engem Feld um Schinker bei Holztem Goldmënzen aus der zweeter Hallschent vum véierte Joerhonnert no Christus fonnt. Nodeems si der zoustänneger Administratioun Bescheed gesot haten, goufen um Site wärend véier Joer archeologesch Ausgruewunge gemaach. Um Enn goufen 141 Goldmënze fonnt, déi ee Wäert vu méi wéi 300.000 Euro hunn. Den Experten no stoung hei an der Réimerzäit héchstwarscheinlech ee sougenannte Burgus, also eng Zort Stroosseposten aus Steen mat enger Partie Grief ronderëm.
Mëttlerweil erënnert op der Plaz Um Rank um Schinker quasi näischt méi un déi archeologesch Ausgruewungen a scho guer net un dat, wat an der Réimerzäit hei stoung. Dat war viru fënnef Joer genee sou, dowéinst war d'Iwwerraschung, datt een op eemol 1.500 Joer al Goldmënze fonnt hat, natierlech grouss.
De Jos Müller interesséiert sech fir déi antik Geschicht am Éislek: "Ech war mat engem jonke Kolleeg hei am Feld. Do ass eis ëmmer eng Knupp opgefall an ech sinn do schonn 19 Joer laang ëmmer Schierbelen oprafe gaangen. Ech hunn och zwou Koffermënze fonnt, awer ouni Valeur. Wéi mir deen Dag hei waren, d'Sonn huet sou schéi geschéngt, iergendwann hunn ech eng Paus musse maachen, do goung ech méi eriwwer an d'Nopeschfeld. A wéi ech do stoung, do gesinn ech eppes blénken, direkt bei mengem Fouss a wéi ech et opgeraf hunn, war et eng réimesch Mënz, wéi nei aus dem Buttek, ouni Kraz, ouni Dréck."
Bannent enger Stonn hätt ee mat engem Metalldetekter bal 40 Mënze fonnt. Amplaz déi anzestiechen, hunn déi zwee Männer d'Decouverte gemellt a goufen esou quasi Deel vun der archeologescher Ekipp.
"Also mir sinn dunn deemools an den INRA gaangen, mir haten och eng schéi propper Këscht dobäi mat de Mënzen dran. Si hu se opgemaach a si sinn och alleguer op de Réck gefall wéi se dat gesinn hunn. Si hunn alleguer gestaunt an et wosst kee méi wat e soe sollt. An dee Moment hu mer déi ganz Ekipp kennegeléiert, déi am Fong um CNRA (viregten Numm vum INRA, Umierkung vun der Redaktioun) déi ganz Saachen do leet. A mir konnten déi lescht Jore mat hinnen zesummeschaffen an och bei der Ausgruewung hëllefen. A mir hunn doduerch och ganz vill Leit kennegeléiert, och bei de Gruewungsfirmen, wou mer och haut nach Kontakt hunn, respektiv Leit, déi vun do bei aner Firme gaange sinn, wou mer och rëm Kontakter geschloss hunn. Sou datt mer direkt kënnen Informatioune bezéien, wann eppes an der Géigend ass", zielt eis de Cliff Nosbusch, dee méi dacks mam Metalldetekter am Asaz ass.
D'Mënzen huet de Staat dem Proprietär vum Terrain ofkaaft. Si weisen ënnert anerem néng Keeseren, dorënner mam Eugenius een, dee just 2 Joer un der Muecht war. Déi Mënze sinn also besonnesch seelen. Ma fir all d'Mënze gëllt, datt se net mat engem 5-Euro-Schäin vun haut ze vergläiche sinn.
"Dat war scho souzesoen de 500-Euro-Schäin, also dat ass lo net onbedéngt dat, woumat der Äert Brout kafe gaange sidd oder Äre Liter Wäin am réimeschen, dat war schonn éischter aussergewéinlech. Wann Der dat lo natierlech an dee gesamte Kontext vum Imperium setzt, zu där Zäit ware sécherlech Millioune vu sou Mënzen ënnerwee, mee et sinn och Millioune vu 500-Euro-Schäiner haut ënnerwee an trotzdeem fanne mer déi net alldeeglech op der Strooss, wou se verluer ginn", erkläert d'Lynn Stoffel, Responsabel fir déi galloréimesch Sektioun beim INRA.
Bei sech doheem um Kounenhaff huet de Jos Müller an engem fréiere Stall eng Zort klenge Musée ageriicht. Hien huet eng Abberzuel u Géigestänn aus der Antik zesummegedroen. Hie géing sech wënschen, datt deen Deel vun der Geschicht zu Lëtzebuerg, an och grad am Éislek, méi thematiséiert gëtt. Eng Iddi, där een am Kulturministère oppe géigeniwwer steet, sou den zoustännege Minister Eric Thill:
"Do si lo verschidden Iddien, déi mer amgaange sinn, unzediskutéieren, mat den Experte vum INRA. Et ass de Moment nach e bëssi ze fréi, fir dat lo hei op der Antenn, hei virun der Kamera kënnen ze soen. Mee wa mer dee Patrimoine hunn, ass et eis ganz ganz wichteg, datt mer dee wäertschätzen, datt mer de Leit en och kënne weisen, erklären. Well et awer ee Stéck Patrimoine ass, hei vu Lëtzebuerg an dat ass mer ganz ganz wichteg, fir dee Patrimoine kënnen zougänglech ze maachen an de Leit déi Explikatioune kënne weiderzeginn."
Och wa si an Zukunft wuel éischter keng esou Mënze méi fannen dierften, wäerten déi engagéiert Hobby-Archeologen am Norde vum Land weider op Schatzsich goen. A wat ee Schatz ass, läit jo och ëmmer am A vum Betruechter.