Déi 2 Norddeputéiert Charel Weiler a Jean-Paul Schaaf stelle parlamentaresch Fro
No den RTL-Nouvellen iwwer d'Flucht d'lescht Woch vun engem Mäerder, deen am CHNP an der zouener Psychiatrie placéiert war, ginn et elo politesch Suitten.
Et sinn déi 2 Norddeputéiert Charel Weiler a Jean-Paul Schaaf, déi sech via parlamentaresch Fro un hir Parteikolleeginnen Elisabeth Margue a Martine Deprez adresséieren. Déi zwee CSV-Deputéiert froen, wéi et zu der Flucht vum 36 Joer ale Mann wärend enger Sortie accompagnée konnt kommen a mat wéi enge Mesuren esou Virfäll an Zukunft sollen evitéiert ginn.
Donieft froen d'Volleksvertrieder, ob d’Regierung e securiséierte Placement vu Schëllege mat psychiatreschem Hannergrond an enger neier Unitéit am Prisong zu Schraasseg plangt.
An der viséierter Affär war e Mäerder, deen zu Ettelbréck e Mann erstach hat, 2016 vun der Chambre du Conseil am Appell als strofrechtlech net responsabel erkläert ginn, trotz datt et genuch Preuvë goufen, déi hien als Auteur vun de Messerattacken identifizéiert haten.
D'lescht Woch war den Auteur vun der déidlecher Messerattack fir 24 Stonnen op der Flucht a gouf no enger Sichaktioun an Däitschland gestallt.
Op d'Äntwerte vun de Ministeschen Deprez a Margue dierf ee gespaant sinn.